Handball-ChampionnatDiddeleng mat Muechtdemonstratioun géint Champion Red Boys, Standard wënnt Kellerduell

Yannick Glod
Kevin Kayser
Bierchem huet mat Rëmeleng kuerze Prozess gemaach a Käerjeng ass no der zweeter klorer Néierlag an der Realitéit ukomm.
© Serge Olmo

Hären

Et ass eng englesch Woch am Lëtzebuerger Handball. E Mëttwoch an en Donneschdeg gëtt de 5. Spilldag ausgedroen, éier e Samschdeg zur gewinnter Zäit de 6. Spilldag ugepaff gëtt.

Am éischten Openeentreffe vun den Titelfavoritten huet sech den HB Diddeleng iwwerraschend däitlech, awer verdéngt 37:27 géint den amtéierende Champion Red Boys Déifferdeng duerchgesat. Domat hunn d'Fiiss dat éischt Ausruffzeeche fir dës Saison gesat. Lescht Saison hate sech béid Ekippen dräi Mol mat engem Gläichspill getrennt.

Géint Enn vun der éischter Hallschent konnt sech den HBD an engem bis dohin enke Match ofsetzen (15:11) a goung mat enger 5-Goler-Avance an d'Kabinnen, well de Gäscht an de leschte Minutte just nach ee Gol gelongen ass. Anescht wéi erwaart, konnt Diddeleng de Virsprong nom Säitewiessel fir d'éischt halen an duerno souguer ausbauen. Erëm hat Déifferdeng tëscht der 36. an der 45. Minutt eng Phas, wou si kee Gol markéiert hunn. Dat war den decisive Moment vum Match an Diddeleng huet sech déi komfortabel Avance net méi huele gelooss.

E weidert kloert Resultat huet den HC Bierchem geliwwert, dee sech mat 42:30 bei der Esperance Rëmeleng behaapt huet. Scho virun der Paus konnten d'Réiserbänner sech komfortabel ofsetzen (12:7 an der 22. Minutt) an uschléissend de Match no hirem Wëlle geréieren. Déi maximal Avance louch bei 15 Goler.

Den drëtten däitleche Score hat den HB Esch géint den HB Käerjeng – d'Iwwerraschung vun den éischte Matcher – geliwwert. Fir Käerjeng war d'24:36-Néierlag beim Rekord-Coupegewënner déi zweet kloer Néierlag hannerteneen. Déi Gréng sinn no den Iwwerraschunge géint Bierchem an Déifferdeng wuel nees um Buedem vun den Tatsaachen ukomm.

Scho an der Paus war Esch mat 7 Goler vir, dorun hunn och déi 6 Goler vum Jacques Tironzelli näischt geännert. D'Lokalekipp huet de Flow mat an déi zweet Hallschent geholl a Käerjeng keng Chance gelooss, fir de Réckstand no ënnen ze korrigéieren. Um Enn gouf et souguer richteg däitlech.

Am Duell vun den Ekippen, déi bis ewell nach kee Punkt konnten huelen, haten d'Gäscht vu Bouneweg, déi Motivatioun aus enger Victoire an der Coupe géint Rëmeleng haten, zu Dikrech déi besser Reussite. Am Laf vum Match hat de Standard sech en Avantage vu 5 bis 6 Goler erausgespillt, ma Dikrech sollt dësen an de leschte Minutten e bësse Schmëlzen doen. Aus engem 23:29 haten déi Dikrecher en 27:30 gemaach, wat awer net méi duergaangen ass, fir e Punkt doheem ze halen an de Standard konnt seng zweet Victoiore bannent just 5 Deeg feieren.

________________________________________________

Dammen

Nom Out am European Cup hunn d'Damme vum HB Diddeleng géint den HC Standard hire Frust erausgelooss a 47:22 gewonnen. Et war eng virgezu Partie vum 5. Spilldag. D'Sharon Dickes an d'Morgane Salvucci hu jeeweils 8 Goler fir den HBD markéiert, genee wéi d'Joanne Rodesch fir d'Gäscht.

Den HBD spillt e Samschdeg wuel nach eng Kéier, dann awer steet den Nodrosmatch vum 4. Spilldag géint Käerjeng um Programm. Käerjeng war dofir awer och nach en Donneschdeg gefuerdert, nämlech op der Red Boys zu Déifferdeng. Wärend déi éischt 20 Minutten nach ausgeglach waren, huet Käerjeng den Avantange an der Paus op 15:11 gesat. Dëse Réckstand sollt d'Heemekipp net méi konnten ophuelen, de Rekordchampion konnt en awer och net däitlech ausbauen, wougéint och déi nei Spillerin vun Déifferdeng Bidzogo Manga net vill ausriichte konnt. Käerjeng wënnt dës Partie zum Schluss mat 27:22.

Back to Top
CIM LOGO