Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet weiderhi Pech mat Blessuren. Nodeems ënner anerem de Christopher Martins verletzungsbedéngt net konnt selektionéiert ginn, huet et de Weekend och nach de Seid Korac erwëscht.
Den Defenseur gouf e Sonndeg den Owend bei der Partie vu sengem Veräin Hellas Verona géint Vicenza no 10 Minutte blesséiert ausgewiesselt. Wéi d’FLF e Méindeg de Moien an engem Communiqué matgedeelt huet, géif elo fir d’éischt een IRM gemaach ginn, fir ze klären, wéi schlëmm d’Blessur um Knéi wierklech ass.
Zur Sécherheet huet den Nationaltrainer Jeff Strasser den Eldin Dzogovic nonominéiert. Eng Selektioun vum Stroossener Tim Hall war opgrond vun enger Blessur um Réck net méiglech, sou heescht et am Communiqué weider.
Aktuell sti jo och nach Fragezeechen hannert dem Mathias Olesen an dem Enzo Dos Santos, déi allebéid réischt rezent aus enger Blessur zeréckkoumen.