Den Iwwerbléck vum internationale FuttballGladbach weider ouni Punkt, spéit Victoire fir Arsenal

Jeff Birsens
Duerch eng 1:2-Defaite ass Gladbach weider mat null Punkten Tabelleleschten. An England huet Arsenal vill Gedold fir déi dräi Punkte misste matbréngen.
Den Ibrahim Maza an de Patrick Schick hunn de Match géint Freiburg fir Leverkusen mat hire Goler entscheet.
© Foto von FABIAN STRAUCH / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

E Sonndeg gouf et an der 1. Bundesliga eng 2:1-Victoire fir Leverkusen géint Freiburg. D'Ekipp aus dem Breisgau konnt seng Tabelleféierung domadder net verdeedegen a sou ass den FC Bayern nom 6. Spilldag den neie Leader. Ganz ënnen an der Tabell gesäit et fir Gladbach dogéint ëmmer méi düster aus. E Sonndeg gouf et nämlech eng weider 1:2-Defaite géint Hoffenheim, sou datt een ëmmer nach op den éischte Punkt an dëser Saison waarde muss.

An der Premier League ass Brighton d'Ekipp vun der Stonn. Um 7. Spilldag gouf et doheem eng souverän 5:0-Victoire géint Crystal Palace, wouduerch ee virleefeg op déi 2. Tabelleplaz geklomme war. Owes huet Arsenal sech déi Plaz dann awer nees duerch eng 1:0-Victoire géint Nottingham zréckgeholl.

Fir Fiorentina geet d'Kris an der Serie A dogéint riicht weider. E Sonndeg gouf et doheem eng 1:3-Defaite géint Como, mat där ee weider mat véier Punkten no siwe Spilldeeg op enger Ofstigsplaz stoe bleift. Como dogéint bleift um Spëtzegrupp vun der Tabell drun.

An der héchster dänescher Spillklass huet de Mathias Olesen mat dräi Virlage fir Sonderjyske brilléiert.

Bundesliga

Leverkusen - Freiburg 2:1
0:1 Scherhant (14'), 1:1 Maza (19'), 2:1 Schick (76')

Déi formstaark Freiburger hunn och zu Leverkusen vun Ufank u gewisen, datt si dëse Match gewanne wollten. No net mol enger véierel Stonn huet de Ball no engem gudden Zesummespill tëscht Treu a Beste de Wee bei den Derry Scherhant um zweete Potto fonnt, deen op 1:0 fir d'Gäscht aus dem Breisgau gestallt huet. Just fënnef Minutten drop hat d'Werkself dann awer direkt d'Äntwert a Form vum 1:1 duerch den Ibrahim Maza bruecht. Am weidere Spillverlaf war et een ausgeglachene Match, an deem sech hanne keen e Feeler erlaabt huet.

An der Schlussphas war Leverkusen dann awer déi Ekipp, déi liicht méi Drock op ee weidere Gol gemaach huet. Eng ronn véierel Stonn viru Schluss konnt de Schick dann och no enger staarker Virlag vum Maza op 2:1 setzen. Dat sollt trotz Freiburger Beméiungen um Enn duergoen, fir déi dräi Punkten doheem ze halen.

Gladbach - Hoffenheim 1:2
0:1 Conté (11'), 1:1 Mohya (49'), 1:2 Prass (54')

Gladbach muss weider op den éischte Punkt an dëser Saison waarden. Am Match géint Hoffenheim gouf et fir den Ofschloss vum 6. Spilldag eng 1:2-Defaite. De Bambasé Conté hat d'TSG no 11 Minutten a Féierung bruecht a bis zur Paus war et an enger relativ ausgeglachener Partie beim 1:0 bliwwen. No der Paus konnt d'Borussia da séier den 1:1-Ausgläich duerch de Wael Mohya schéissen. D'Freed vun de Fohlen sollt awer net all ze laang unhalen, well just fënnef Minutten drop den 2:1 fir Hoffenheim duerch den Alexander Prass gefall ass. Am weidere Spillverlaf haten d'Gäscht nach eng Rei Chancen, op 3:1 ze erhéijen, sou datt um Enn eng verdéngte Victoire feststoung.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Brighton - Crystal Palace 5:0
1:0 Canvot (4'), 2:0 Gomez (7'), 3:0 Ayari (10'), 4:0 Kostoulas (49'), 5:0 Hinshelwood (84')

Brighton weist sech weiderhin an enger exzellenter Form an huet Crystal Palace mat engem 5:0 iwwerrannt. Schonn no zéng Minutte louch d'Lokalekipp dobäi mat 3:0 a Féierung, dat no engem Selbstgol vum Jaydee Canvot an der 4. Minutt, dem 2:0 duerch den Diego Gomez an der 7. Minutt an den 3:0 duerch de Yasin Ayari an der 10. Spillminutt. Nom Säitewiessel hunn de Charalampos Kostulas an den Jack Hinshelwood mat zwee weidere Goler den Deckel drop gemaach a Brighton domat virleefeg op déi zweet Tabelleplaz geschoss, déi sech Arsenal den Owend awer nees zréckgeholl huet.

Leeds - Manchester United 1:1
0:1 Mbeumo (35'), 1:1 Calvert-Lewin (51')

Nottingham - Arsenal 0:1
0:1 Madueke (80')

Ee spéide Gol ass Arsenal duergaange, fir sech e Sonndeg déi dräi wichteg Punkten ze sécheren. Zu Nottingham war et an der éischter Hallschent net ze vill ze gesi ginn, dat well Forest hanne kompakt an disziplinéiert stoung an d'Gunners mam Ball net vill ufänke konnten. En änlecht Bild huet sech dann och nom Säitewiessel erginn, ma eng liicht glécklech Aktioun sollt dann awer zum 1:0 fir Arsenal féieren. De Schoss vum Noni Madueke gouf nämlech decisiv ofgefälscht a war dann net méi ze halen. Um Enn ee richtegen Aarbechtserfolleg fir Arsenal.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Fiorentina - Como 3:1
0:1 Liberali (32'), 0:2 Paz (36'), 1:2 Pongracic (42'), 1:3 Douvikas (56')

Como huet sech zu Florenz dräi Punkte geséchert a bleift domat weider um Spëtzegrupp vun der Tabell drun. Fir Fiorentina dogéint geet d'Kris och nom 7. Spilldag mat just véier Punkten um eegene Kont weider. De Mattia Liberali hat Como e Sonndeg a Féierung bruecht a just véier Minutten duerno konnt den Nico Paz op 2:0 erhéijen. Zwar war der Lokalekipp nach virun der Paus de wichtegen 1:2-Uschlossgol gelongen, ma nom 3:1 vum Tassos Douvikas zimmlech direkt no der Paus war fir Fiorentina näischt méi ze maachen.

AC Mailand - Atalanta (18:00 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Angers - Marseille 2:5
1:0 Raolisoa (14'), 1:1 Abdelli (37'), 1:2 Kamissoko (43'), 1:3 Gouiri (60'), 2:3 El Ouazzani (75'), 2:4 Harit (83'), 2:5 Paixao (85')

Lorient - Monaco 1:0
1:0 Cadiou (61')

FC Paris - Rennes 4:3
1:0 Lopez (14'), 1:1 Lepaul (29'), 2:1 Lopez (45+4'), 2:2 Lepaul (74'), 3:2 Sinayoko (76'), 3:3 Lepaul (88'), 4:3 Sinayoko (90+7')

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Osasuna - Santander 2:0
1:0 Budimir (9'), 2:0 Osambela (88')

Celta Vigo - Alaves 2:1
1:0 Jutgla (53'), 2:0 Rodriguez (71'), 2:1 Novoa (87')

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO