
An eiser Rubrik Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fannt dir all relevant Resultater vun eise Roude Léiwen am Ausland. De Leandro Barreiro huet den Owend mat Benfica 2:0 géint Guimaraes gewonnen.
Köln - Gladbach 2:1
1:0 Johannesson (26'), 1:1 Scally (39'), 2:1 El Mala (66')
Köln huet de Rheinderby fir sech entscheet. Decisive Mann war dobäi hire Stiermer El Mala. D'Lokalekipp war no engem stramme Schoss aus 18 Meter vum Johannesson a Féierung gaangen, wat Gladbach e bësse kal erwëscht hat. Wéi d'Partie méi roueg gouf, ass de Gäscht den Ausgläich gelongen. Nom Säitewiessel huet Köln op den 2:1 gedréckt a gouf no enger Stonn fir seng Efforte belount.
Well den Effzeh awer net fir d'Entscheedung gesuergt huet, koum Gladbach an de leschte Minutten nach zu enger Chance, déi awer näischt abruecht huet. Gladbach bleift och nom Debüt vum neien Trainer Alexander Blessin ouni Punkten an dëser Saison.
Freiburg - Schalke 2:1
1:0 Eggestein (10'), 1:1 Gantenbein (30'), 2:1 Goto (85')
Den SC Freiburg huet sech trotz enger Ënnerzuel an de leschten 30 Minutte géint Schalke behaapt, an dat duerch e spéide Gol vum Goto. Déi zwee Goler an der éischter Hallschent waren no engem Standard gefall, an engem Match, wou virun allem d'Verteidegunge gefuerdert waren.
An der 60. Minutt gouf de Japaner Suzuki mat Giel-Rout vum Terrain gesat a Freiburg huet misse reagéieren. Et war den agewiesselte Goto - nees e Japaner -, dee fir d'Entscheedung gesuergt huet. De Sportclub aus dem Breisgau steet no dëser Victoire zesumme mat Dortmund un der Tabellespëtzt an huet souguer dat bessert Golverhältnis.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Liverpool - Manchester City 0:3
0:1 Haaland (65'), 0:2 Doku (68'), 0:3 Cherki (78')
No enger chancenaarmer éischter Hallschent gouf de Spëtzematch eréischt nom Säitewiessel sou richteg interessant an d'Spectateure kruten eppes fir hir Sue gebueden. Et huet geschéngt, wéi wann d'Ugrëffspiller vu béiden Ekippen alles nohuele wollten, wat si am éischten Duerchgang verpasst haten.
Eng entscheedend Zeen war awer d'giel-rout Kaart fir de Liverpooler Gravenberch an der 62. Minutt. Kuerz drop huet den Haaland den éischte Gol fir Skyblues markéiert a ManCity war lancéiert. Mat zwee weidere Goler huet d'Ekipp vum Trainer Maresca alles kloer gemaach an ass neien Tabelleleader.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Como - AS Roum 0:0
Duerch dat zweet Gläichspill an dëser Saison huet d'Roma hir Tabelleféierung verluer.
Lazio Roum - Monza 3:1
1:0 Tavares (3'), 2:0 Isaksen (23'), 2:1 Goglichidze (46'), 3:1 Pinamonti (88')
Lazio Roum huet sech beim Match géint d'Ekipp aus dem leschten Drëttel vun der Tabell keng Bléisst ginn a bleift un Inter Mailand drun. D'Nerrazurri huet just dat bessert Golverhältnis.
Sassuolo - AC Mailand 1:1
0:1 Rabiot (63'), 1:1 Odenthal (68')
Den AC Mailand huet an dëser Spillzäit wuel nach kee Match verluer, awer schonn dräi Mol gläichgespillt. D'Rossoneri verléieren domat den Uschloss un de Spëtzenduo Inter a Lazio.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Nice - Stroossbuerg 2:1
0:1 Essugo (41'), 1:1 Demba (45'+2, Eegegol), 2:1 Clauss (81')
Stroossbuerg kënnt dës Saison net sou richteg un. Am sechste Match gouf et déi drëtt Néierlag, domat bleiwen d'Elsässer bei 7 Punkte stoen an och am leschten Drëttel vun der Tabell. Fir Nice war dës Victoire wichteg, fir net ënnen am Tabellekeller ze bleiwen. Si hunn elo zwou Victoiren, zwee Gläichspiller an zwou Néierlagen um Kont.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
A Spuenien gouf de Match tëscht Rayo Vallecano an Atletic Bilbao wéinst Protester vu Fans ofgebrach.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga