Confirmatioun vum VeräinDino Toppmöller net méi Trainer vum RC Lens

Jeff Kettenmeyer
Sam Rickal
De 45 Joer alen däitschen Trainer hat réischt am Summer beim franséischen Traditiounsveräin ënnerschriwwen.
Den Dino Toppmöller souz nëmme wärend dräi Méint beim RC Lens op der Trainerbänk.
© MATTHIEU MIRVILLE / MATTHIEU MIRVILLE / DPPI VIA AFP

Et ass nawell séier gaangen, well no 3 Méint ass den Dino Toppmöller net méi Trainer vu Lens. Dat hat ënnert anerem déi franséisch Sportzeitung "L'Equipe" gemellt an ass en Dënschdeg am fréien Owend vum Veräin confirméiert ginn. Deemno wäert hie schonn e Freideg géint Monaco net méi op der Bänk sëtzen, mee vu sengem Assistent Yannick Cahuzac ersat ginn.

Grond fir d'Entloossung vum Dino Toppmüller wieren ënnert anerem ënnerschiddlech Usiichten iwwer d'Strukturen am Veräin. Et soll awer och ëm d'Entloosse vu sengem laangjärege Co-Trainer Nelson Morgado goen, dee scho bei Eintracht Frankfurt an dem F91 Diddeleng mam Däitschen zesummegeschafft huet. Domat wier den 45 Joer alen Toppmöller net d'accord gewiescht. Dat hunn ënner anerem "Sky Sport News" an d'"Bild" an Däitschland geschriwwen.

Lens huet mat ville Blessuren ze kämpfen. No 4 Matcher an der Ligue 1 huet den Traditiounsveräin 4 Punkten um Kont. An der Champions League gouf et eng 3:2-Victoire auswäerts bei Slavia Prag um éischte Spilldag.

De Veräin huet dem Toppmöller Merci gesot fir säin humaant an elegant Behuelen. Donieft hätt hie beim Opléise vu sengem Kontrakt op e gudden Deel Geld verzicht, dat him eigentlech zougestanen hätt.

Back to Top
CIM LOGO