Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDräi Lëtzebuerger freeë sech a Georgien iwwer Victoiren

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland stoungen de Florian Bohnert, Vincent Thill a Eldin Džogović net am Kader vun hiere jeeweilegen Ekippen.
© Val Wagner (Archiv)

Den Dirk Carlson an den Enes Mahmutovic hale sech mat hirem Veräin Dinamo Batumi weider un der Tabellespëtzt vun der georgescher Liga. An engem enke Match géint Dinamo Tblisi huet sech d'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller 1:0 behaapt. De Carlson huet 90 Minutten duerchgespillt, de Mahmutovic gouf an der 77. Minutt agewiesselt.

E weideren Erfolleg huet och de Leandro Barreiro mat Benfica Lissabon gefeiert. Géint Vitoria Guimaraes hunn déi rout Aadleren 2:0 gewonnen a bleiwen domat Tabellenzweeten hannert dem FC Porto, dee scho 5 Punkte Virsprong huet. De Barreiro stoung an der Startformatioun a gouf no enger Stonn ausgewiesselt, well hie Giel virbelaascht war.

Samschdeg

Op internationalem Terrain gouf an der Bundesliga an och an deenen aneren internationale Championnater gespillt. An Däitschland huet Bayern München Punkten zu Augsburg leie gelooss a Chelsea huet Bournemouth iwwerrannt.

A Georgien huet Iberia mam Vahid Selimovic an der Ufanksformatioun auswäerts 2:1 géint Meshakhte gewonnen. De Lëtzebuerger Defenseur huet dobäi 90 Minutten um Terrain gestanen. Iberia ass wéinst der Victoire vu Batumi an der Tabell wéi virum Spilldag Drëtten.

Magdeburg huet an der 2. Bundesliga ouni den Eldin Džogović am Kader mat 3:0 géint Hannover gewonnen.

An der 3. Liga an Däitschland huet Hansa Rostock ënnert dem neien Trainer André Breitenreiter zu Würzburg mat 2:0 gewonnen. Stoung de Florian Bohnert de leschte Match nach an der Starteelef, war um Samschdeg ënnert dem Trainer Breitenreiter keng Plaz am Kader fir de Lëtzebuerger, deen am Verglach zu senge Matspiller awer och mat 4 Matcher bannent 11 Deeg fir d'FLF-Formatioun am Asaz war, an doduerch sech sengem neien Trainer nach net wierklech konnt weisen.

Een änlecht Bild huet sech bei Waldhof Mannheim gewisen. Och hei stoung de Vincent Thill no der ustrengender Lännermatch-Period net am Kader vum SV Waldhof. Mannheim huet sech ouni den FLF-Nationalspiller däitlech mat 5:1 zu Grosaspach duerchgesat.

Freideg

Et sollt an der Tierkei fir den Tomas de Sousa Moreira Cruz a säi Veräi Bodrumspor net duergoen, fir d'Punkten doheem géint Keçiörengücü ze halen. D'Gäscht waren an der 25. Minutt duerch de Roshi a Féierung gaangen an den Edumondo hat no 53 Minutten op 2:0 erhéicht. De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller gouf an der 58. Minutt agewiesselt an huet an der 85. Minutt no engem Foul déi giel Kaart kritt. De Match ass 2:0 fir d'Gäscht ausgaangen.

Beim 3:3 tëscht sengem RW Essen a Preußen Münster war den Aiman Dardari an der 72. Minutt agewiesselt ginn. Zu deem Ament louch seng Ekipp 2:1 am Réckstand. Dono konnt de Riso Alsonso, deen an der 38. e Selbstgol geschoss hat, den 2:2 markéieren an den Telalovic konnt vum Punkt esouguer op 3:2 fir d'Gäscht erhéijen. An der 87. Minutt huet de Mess da fir Münster nees ausgeglach.

Beim 3:0 vun Heracles Almelo géint Waalwijk an der 1. Divisioun an Holland war den Yvandro Borges Sanches wéinst enger Blessur net am Kader bei der Victoire virun heemeschem Public.

An der Belsch beim Duell vu Beveren a Lommel stoung de Laurent Jans net am Kader vu Beveren. Seng Ekipp huet sech doheem 3:1 misse geschloe ginn.

Ouni Danel Sinani huet Sampdoria Genua an der Serie B an Italien 1:4 bei US Avellino verluer.

Back to Top
CIM LOGO