BundesligaDebakel fir Frankfurt, Bayern spillt just gläich

RTL Lëtzebuerg
Leipzig iwwerrennt Frankfurt mat 6:0. Zu Augsburg kënnt den däitsche Meeschter net iwwer een 2:2-Remis eraus. Hamburg feiert eng 3:2-Victoire zu Sinsheim géint Hoffenheim.
Frankfurt's German defender #02 Elias Baum and Leipzig's Dutch midfielder #06 Ezechiel Banzuzi vie for the ball during the German first divison Bundesliga football match between RB Leipzig and Eintracht Frankfurt in Leipzig, eastern Germany on October 10, 2026. (Photo by Ronny HARTMANN / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
No 5 Minutte louch Frankfurt scho mat 0:2 a Réckstand.
© AFP

An der Bundesliga war et e Samschdeg d'Suite vum 5. Spilldag. 3 Punkte goufen et fir Leverkusen, Union Berlin, Stuttgart an Hamburg. An deenen aneren internationale Ligen huet sech e Samschdeg ënnert anerem Chelsea mat 5:1 géint Bournemouth duerchgesat. Den Iwwerbléck fannt dir hei.

E Freideg den Owend huet Dortmund no enger rasanter Schlussphas no enger 2:0-Féierung just 2:2 géint Werder Bremen gespillt. Den Ausgläich an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit huet den EX-BVB Spiller Niclas Füllkrug markéiert. De BVB bleift trotz dem Remis op der 1. Plaz, dat well Bayern München zu Augsburg net iwwert ee 2:2 erauskomm ass. An der Tabell steet een deemno weider 2 Punkten virum Däitsche Meeschter.

Am Owesmatch huet Frankfurt eng batter Defaite géint Leipzig missen astiechen. D'Leipziger, déi bis ewell keng gutt Saison spillen, hu vun Ufank u gewisen, wien Här am Haus ass an hu Frankfurt mat 6:0 iwwerrannt.

Hoffenheim hat Besuch vun Hamburg. Dobäi ass den HSV perfekt an de Match komm a louch séier mat 1:0 no 12 Minutten a Féierung. Hoffenheim sollt an der Suite de Match awer dréinen a louch no 53 Minutte mat 2:1 a Féierung. No der Rouder Kaart géint de Bernardo ass den HSV nees zeréck an de Match komm an huet duerch eng couragéiert Schlussphas de Match duerch zwee spéit Goler nach konnte fir sech entscheeden. Um Enn hëllt Hamburg déi 3 Punkte mat heem, dat nom 3:2 géint Hoffenheim.

Bayern léisst 2 Punkten zu Augsburg leien a spillt just 2:2-Gläich. Eng kuriéis Ufanksphase hunn d'Spectateuren zu Augsburg erlieft. Bayern hat Ustouss an huet de Ball direkt op de Manuel Neuer zeréck gepasst. Dësen huet de Ball awer net richteg ënner Kontroll bruecht an huet de Ball du wollte fort chippen. Nodeems de Ball dunn un de Réck vum Fellhauer gesprongen ass, huet den Augsburger am séierste reagéiert an de Ball am eidele Gol ënnerbruecht. 8 Sekonnen, déi an d'Geschicht vun der Bundesliga wäerten agoen.

Augsburg's German midfielder #19 Robin Fellhauer (hidden) celebrates scoring the opening goal with his teammates during the German first division Bundesliga football match between FC Augsburg and FC Bayern Munich in Augsburg, southern Germany on October 10, 2026. (Photo by Karl-Josef HILDENBRAND / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
D'Augsburger feieren de schnellste Gol an der Bundesliga Geschicht. 8 Sekonnen huet et gedauert, éier de Robin Fellhauer de Ball am Netz ënner bruecht huet.
© AFP

Bayern huet virun allem an der zweeter Hallschent dominant opgespillt, sollt virum Gol bei 29 Schëss awer déi néideg Präzisioun vermësse loossen. Dobäi hunn d'Spiller vum Vincent Kompany wuel 4 weider Goler konnte markéieren, déi awer all wéinst Abseits vum VAR nees zeréckgeholl goufen. E Schoss op de Potto vum Gnabry koum och nach dozou. No 90 Minutten deemno e gléckleche Remis fir Augsburg.

Stuttgart setzt sech auswäerts beim Opsteiger Paderborn duerch Goler vum Chabot a Führich mat 2:0 duerch.

Déi éischt Victoire an dëser Saison gëtt et fir Union Berlin. D'Lokalekipp setzt sech mat 1:0 géint Elversberg duerch. De Gol vum Dag huet de Burcu an der 81. Minutt konnte markéieren.

E rasante Match mat net manner wéi 7 Goler hunn d'Spectateuren zu Mainz gesinn. Mainz verléiert um Enn mat 3:4 géint Leverkusen. D'Gäscht sinn dominant an de Match gestart a louchen no 9 Minutten duerch Goler vum Andrich a Schick séier mat 2:0 a Féierung. Nach virun der Paus konnt Mainz duerch en "Doppelpack" vum Caci de Match awer nach ausgläichen. Nom Säitewiessel huet Leverkusen dunn nees e Gang erop geschrauft a louch no 65 Minutte mat 4:2 a Féierung. Mainz huet an der Schlussphas wuel alles versicht, ouni den Nadiem Amiri sollt méi wéi den Uschlossgol an der Nospillzäit awer net méi eraus sprangen.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO