
Vum Sennenger Schlass huet een a leschter Zäit méi dacks héieren. Dat am Kader vun der Tripartite.
Ugefaangen huet d'Geschicht vum Schlass am 17. Joerhonnert mat enger Kären- an Uelegmillen déi der notabeler Famill Wiltheim aus der Stad gehéiert huet an op deem Site stoung. Claude Frieseisen vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Nidderaanwen:
"1721 kritt e gewëssene Guillaume La Payrade d'Erlabnis op deem Site eng Pabeiermillen ze exploitéieren. An Joerzéngten dono wiesselt d'Pabeiermillen dann e puer mol de Proprietär fir 1824 an de Besëtz vum Jacques Lamort ze kommen, deen Drécker, Editeur a Buchhändler an der Stad war."
Hien huet déi Pabeiermillen zu engem richtegen industrielle Betrib ausgebaut an huet se 1835 duerch eng Tapéitefabrik erweidert.
"D'Tapéiten, déi zu Senneng hiergestallt goufen, ware vun allerbeschter Qualitéit wat gemaach huet, dass se sech an den Nopeschlänner ganz gutt verkaaft hunn."))
Réischt nodeems d'Famill Lamort de ganzen Areal un e gewëssenen Ernest Dervaux, engem franséischen Industriellen, verkaf huet, gouf d'Härenhaus zu Schlass ausgebaut a mat engem botanesche Gaart ugeluecht.
"Am 2. Weltkrich besetzen déi Däitsch d'Schlass an d'Josef Goebbels Stiftung fir Kulturschaffende installéiert am Schlass eng "Erholungsstätte für Bomben und kriegsgeschädigte Kulturschaffende."
Nom 2. Weltkrich, ëm 1952, koum d'Schlass dunn an de Besetz vum Lëtzebuerger Staat wou d'Arméi bis 1968 hire Spätbataillon an de Commandement vun der Defense du territoire dohinner installéiert huet.
Vum Schlass zu Senneng huet een am Kader vun der Tripartite virlescht Woch nees ëfters héieren. Vun der Kären- an Uelegmillen iwwert eng Pabeierfabrik an där spéider Tapisserie hiergestallt gouf déi iwwert d'Grenzen eraus bekannt a beléift war, huet sech d'Härenhaus vum Site an den 1880er an dat Schlass verwandelt wat een haut nach do gesäit. Haut ass de Site an den Hänn vum Staatsministère deen dofir direkt e puer Uwendungen huet. Christian Plumer vum Sennenger Schlass:
"De Site besteet u sech aus dem Centre de conférences an dem Schlass. Am Centre de conférences fanne Reuniounen a Seminäre statt, woubäi d'Schlass fir méi protokollaresch Eventer benotzt gëtt, wéi zum Beispill lo Staatsvisitten oder den Accueil vun auslännesche Gäscht."
An deem Centre de conférences gouf dann och ënnert anerem och déi lescht Tripartite ofgehalen.
"Mir hunn hei natierlech déi ideal Installatioune fir sou Evenementer, wéi eng Tripartite, ze realiséieren. Eis Raimlechkeeten an d'Technik erlaben dat och an den beschtméigleche Konditiounen ofzehalen. Et gëtt hei och e Sall fir d'Pressekonferenzen, sou wéi e Sejour fir d'Journaliste wou sech preparéieren an och schaffe kënnen. En plus ass de Site dann och relativ zentral geleeën, no un der Stad Lëtzebuerg an och relativ no un der Autobunn, un der A1."
Elo am Juli wäert d'Schlass selwer awer fir eng Zäitchen zougemaach ginn:
"1880 ass dat Gebai zu deem ëmgebaut gi wéi mer et elo gesinn, an säitdeem sinn ëmmer rëm kleng Ëmbauaarbechten an Upassunge realiséiert ginn. Mir sinn awer lo op deem Punkt ukomm wou mer eng grouss Renovatioun mussen an d'Ae faassen. Do geet et da schlussendlech och ëm energeetesch an Sécherheets-technesch Moossnamen. Déi Aarbechten dauere bis Enn 2028. Mir sinn optimistesch, datt mer dann d'Schlass fir d'EU-Presidence 2029 notze kënnen."
Wärend der Dauer vun den Aarbechte bleift de Centre de conférences niewendrun awer weiderhi fir Reuniounen a Konferenzen accessibel.
Et sief dann nach gesot, dass de Site mam Schlass awer net fir de Grand-Public zougänglech ass.