Kanner net genuch geschütztMeta muss an den USA 567 Milliounen Dollar Strof bezuelen

RTL mat AFP
Juristesch muss Meta sech op eng jett Prozesser an den nächste Méint a Joren astellen.
© ARDA KUCUKKAYA/Anadolu via AFP

Eng weider Kéier gouf et eng juristesch Néierlag fir Meta. Well een net genuch fir de Schutz vu Mannerjäregen op senge Plattforme mécht, misst Meta elo ëmgerechent 492 Milliounen Euro bezuelen. Mat deem Geld soll e Fong fir d'Ënnerstëtzung vu Mannerjärege finanzéiert ginn, déi duerch den Online-Konsum zu Schued komm sinn, esou e Geriicht am US-Bundesstaat New Mexiko. D'Entreprise huet annoncéiert, fir an Appell ze goen.

Stéierung vun ëffentlecher Uerdnung

De Riichter huet d'Mammenentreprise vu Facebook, Instagram a WhatsApp fir eng "Stéierung vun der ëffentlecher Uerdnung" verantwortlech gemaach. Et war déi éischte Kéier, datt dës juristesch Aschätzung géint d'Online-Plattform getraff gouf.

Déi 567 Milliounen Dollar, déi Meta bezuele muss, soll dem Riichter no fir en Zäitraum vu fënnef Joer ënner anerem och a Programmer fir psychesch Gesondheet a Preventioun fir Jonker fléissen. Weider muss Meta an den nächste Jore Schutzmesuren a sengem Programm abauen, déi de Social-Media-Konsum vu Mannerjärege limitéieren, esou de Riichter Bryan Biedscheid.

Meta huet annoncéiert, datt ee géint d'Urteel virgoe wëll. "Mir sinn net mat der Decisioun averstanen a wäerten an Appell goen", esou d'Entreprise. "Mir schaffen haart drun, d'Mënschen op eise Plattformen ze schützen a sinn oppen mat Erausfuerderungen ëmgaangen, problematesch Acteuren a schiedlech Inhalter ze identifizéieren an ewechzehuelen", esou ass am Statemeent ze liesen.

De Parquet vun New Mexiko hat d'Klo ageriicht an dono och d'Urteel begréisst. "D'Decisioun vun haut ass eng Victoire fir Elteren, déi sech Suergen doriwwer gemaach hunn, wat Online-Déngschter mat hire Kanner maachen. A fir all Kand, datt et verdéngt, sécher online opzewuessen."

Plainten an 30 Bundesstaaten, Problemer an der EU

Dës nei Zomm a Milliounenhéicht kënnt bei e fréiert Urteel dobäi, datt eng Jury aus New Mexiko getraff hat. Dës war am Mäerz zum Urteel komm, datt Mannerjäreger op Facebook, Instagram a WhatsApp net genuch geschützt ginn. Meta sollt dofir eng Strof vun 375 Milliounen Dollar bezuelen. Och géint dëst Urteel war d'Entreprise an Appell gaangen.

Meta steet och an Europa wéinst dem Manktem u Schutz vu Mannerjäregen an der Kritik. D'EU-Kommissioun hat d'Entreprise de leschte Mount wéinst der Schutzgefor vu Kanner a Jugendlechen zu Upassungen op hire Plattformen opgefuerdert. Meta géif déi Mannerjäreg op senge Plattformen net genuch schützen a géif domadder géint d'EU-Digitalgestezer verstoussen.

An den USA sinn Dausende Plainten agereecht ginn, fir Bedreiwer vun Onlinedéngschter fir presuméiert Schied u Kanner an deenen hir psychesch Gesondheet zu Rechenschaft ze zéien. An iwwer 30 US-Bundesstaate gouf Meta wéinst änleche Virwërf wéi am New Mexiko ugesicht.

Back to Top
CIM LOGO