Handykommunikatioun via SatellitLëtzebuerger Entreprise schafft an Zukunft mat O2-Mammenhaus zesummen

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger OQ Technologie an Telefónica Deutschland wäerten an Zukunft bei der Handykommunikatioun via Satellitten zesummeschaffen.
Vu lénks op riets: Helge Lüders, Senior Technology Strategy Manager bei Telefónica; Jörg Kablitz, Chief Partner & Wholesale Officer bei Telefónica; Omar Qaise, Grënner a CEO vun OQ Technology; Markus Agel, Director Carrier Management & Roaming bei Telefónica.
Vu lénks op riets: Helge Lüders, Senior Technology Strategy Manager bei Telefónica; Jörg Kablitz, Chief Partner & Wholesale Officer bei Telefónica; Omar Qaise, Grënner a CEO vun OQ Technology; Markus Agel, Director Carrier Management & Roaming bei Telefónica.
© OQ/ Telefónica Deutschland

Handyverbindunge via Satellit aus dem Weltall schéngen en Deel vun der zukünfteger Kommunikatioun ze ginn. Wärend do all Mënsch u Starlink denkt, d'US-Firma vum Elon Musk, ass awer an dësem Beräich och eng Lëtzebuerger Entreprise aktiv.

Funklächer duerch Satellitten zoumaachen

D'Entreprise mam Numm OQ Technologies huet elo e grousse Kontrakt mat Telefónica Däitschland ënnerschriwwen, dem Mammenhaus vun O2. Ufank vum nächste Joer wëll een éischt Tester maachen. Zil ass et, d'Lächer, déi et am Netz vun O2 ginn, mat der Technologie vun der Lëtzebuerger Entreprise zouzemaachen. D'Lëtzebuerger fueren zwar iwwer Satellitten, ma soll op de Plazen, wou hir Technologie an den Asaz kënnt, d'Handy-Frequenz genotzt ginn.

D'Konkurrente vu Starlink dogéint fueren iwwer den däitlech méi deiere Mobile Satellite Service, kuerz MSS. Där hire System funktionéiert da just, wann d'Clienten Handyen hunn, déi MSS kompatibel sinn. Dës sinn awer däitlech méi deier am Präis, wéi déi normal Smartphones. Ma bis d'Systemer, esouwuel déi aus dem Grand-Duché wéi och déi aus den USA bei eisen däitschen Nopere lafen, dauert awer nach e puer Joer. Béid Systemer gehéieren zu der sougenannten Direct-to-Device-Satellittekommunikation.

Noutfallkommunikatioun garantéieren

Net just soll et méiglech sinn, datt ebe Funklächer mam System iwwerbréckt ginn, mä och am Katastrophefall, wéi gréissere Stroumausfäll oder schwéiere Wiedere soll et iwwer dës Satellittentechnologie méiglech sinn, d'Kommunikatioun op d'mannst an eng Richtung oprecht z'erhalen. Esou wier et dem Operateur O2 méiglech, dem Client iwwer dëse Wee Warnungen oder Meldunge matzedeelen, och wann dëse keen Empfang huet.

Kleng Lëtzebuerger Firma mat nach just fënnef Satellitten

OQ Technologie mat Sëtz zu Leideleng huet aktuell fënnef Satellitten am Weltall, dräi Stéck sollen nach dëst Joer dobäi kommen. Hir Satellitten hu ronn d'Gréisst vun enger Schongkëscht a kënnen aktuell Warnungen erausginn, erméiglechen et awer net, datt den Dateverkéier a béid Richtunge ka goen, wéi zum Beispill en Chat ënner Persounen. Dat soll sech hirem Grënner a CEO Omar Qaise no mat den neie Satellitten dat nächst Joer änneren, well bis dohi wëll een 48 Satellitten op Orbit hunn. Mat dëse wier et méiglech, datt eng Géigend op der Äerd all 30 Minutte vun engem Satellit erfaasst ka ginn. "Dat lescht Joer war d'Handynetz a Lëtzebuerg no enger Cyberattack ausgefall", esou den Omar Quaise géintiwwer der DPA. "E ganzen Dag konnt een net mobil kommunizéieren." Da wier et dem CEO vun OQ Technologies besser gewiescht, wann een op d'mannst all 30 Minutten eng Verbindung gehat hätt.

Bis 2029 plangt ee mat 150 Satellitten am Weltall, dat wier eng "permanent Ofdeckung" méiglech, och wa se méi datenintensiv genotzt gëtt. Da wëll OQ Technologies et méiglech maachen, net just SMSen oder Sproochmessagen iwwer hire System ze verschécken, mä theoretesch ganz Videoen. Dat soll dem Omar Qaise no awer net bedeiten, datt d'User beim Spadséieren am Bësch elo Streame kënnen, mä fir si soll et bei der Basiskommunikatioun bleiwen.

D'Live-Iwwerdroung vu Videoe kéint zum Beispill bei Dronen an den Asaz kommen, eppes wat aktuell vill gefrot ass. Datt dëst méiglech ass, wëll ee bei den Tester mat O2 beweisen.

Europa vs USA

Eng kleng Lëtzebuerger Entreprise mat grad emol fënnef Satellitten an Ëmlafbunn wëll mat Starlink konkurréieren, déi eng 10.000 där Geräter am All hunn. Fir den Omar Qaise spillt e ganz aneren Avantage fir seng Firma, ebe well een "zu honnert Prozent eng europäesch Firma ass", déi vun Europa eraus operéiert an an Europa hir Cloud-Servicer stoen huet. An den USA musse Cloud-Firmen hir Daten un d'US-Autoritéite ginn, wat an der EU net de Fall ass.

Fir hien ass et dowéinst kloer, datt Europa eng "souverän weltraumbaséiert Mobilfunkinfrastruktur" opbaue muss. A genau dat wëll een och mat den Tester an der Zesummenaarbecht mat O2 och weisen a beweisen, nieft dem technesche Volet, datt et méiglech ass, datt eng Verbindung tëscht Satellitten an normalen Handyen iwwer d'Handy-Frequenz méiglech ass.

PDF: De Communiqué vun OQ Technologies

Back to Top
CIM LOGO