Fuitten op der ISS festgestalltAstronauten hu sech virleefeg mussen an hirer Raumkapsel a Sécherheet bréngen

AFP, iwwersat vun RTL
Et goufe weider Loft-Fuitten am russesche Modul "Zvezda" festgestallt, déi musse reparéiert ginn.
Archiv-Foto
Archiv-Foto
© AFP PHOTO / NASA / NASA+ LIVESTREAM

Op der Internationaler Raumstatioun (ISS) lafen aktuell Reparaturaarbechten, nodeems nei Loft-Fuitten am russesche Modul "Zvezda" festgestallt goufen. Wéinst dëser Situatioun hu verschidden Astronauten e Freideg preventiv d'Statioun temporär verlooss, fir sech an hire Raumkapselen a Sécherheet ze bréngen.

Dat huet d'amerikanesch Raumfaartagence NASA matgedeelt. Deemno huet d'russesch Agence Roscosmos decidéiert, méi ëmfaassend Reparaturen duerchzeféieren.

Als preventiv Moossnam huet d'NASA d'Besatzung vun der Missioun SpaceX Crew-12, zesumme mam NASA-Astronaut Chris Williams, opgefuerdert, wärend de Reparaturen am Dragon-Raumschëff ze bleiwen an do eng verstäerkte Sécherheetspositioun anzehuelen.

D'Moossname sollen d'Sécherheet vun der Crew garantéieren, bis d'Aarbechten um betraffene Modul ofgeschloss sinn.

Back to Top
CIM LOGO