
D'Wuerzele vum Dag, bei deem d'Mammen am Mëttelpunkt stinn, geet zeréck bis an d'Antik. respektiv déi al Réimerzäit. Hei goufen dacks simultan d'Mammen an d'Fruchtbarkeet geféiert a geéiert. Dës Feierlechkeete goufen am Kader vun der Gëttin Mater Matuta geféiert, déi jo als Gëttin vun der Gebuert gëllt. Dëst huet spéider dann och den europäesche Raum dozou inspiréiert, der Mamm eemol am Joer en Dag ze ginn, op deem extra un si geduecht gëtt.
Mammendag, wéi mer et haut kennen, huet säin Ursprong awer warscheinlech an den USA a geet op d'Fraerechtlerin Anna Jarvis zeréck. Si huet schonn am Joer 1907 e Gedenkdag fir hir eege verstuerwe Mamm kreéiert. Ma dobäi ass et net bliwwen a séier koum et zu enger grousser Beweegung, déi gefuerdert huet, dass alleguerten d'Mammen op engem festgeluechten Dag am Joer misste geéiert ginn.
Bis dass dësen Dag och zu Lëtzebuerg seng Plaz fonnt huet, sollten awer nach 20 Joer vergoen... Eréischt 1927, also viru geschwënn honnert Joer, gouf hei am Grand-Duché fir déi éischte Kéier Mammendag offiziell geféiert, eng Initiativ, déi deemools vun enger Gaarde-Vereenegung an d'Liewe geruff gouf an zënterhier e festen Datum am Kalenner huet.
Et gëtt keen eenheetlechen Dag, op deem weltwäit Mammendag geféiert gëtt, all Land wielt hei op eege Fauscht den Datum selwer eraus.
Zu Lëtzebuerg gouf den zweete Sonndeg am Juni erausgesicht, op deem Mammendag geféiert gëtt. Wärend dëser Zäit steet d'Natur nämlech matten an der Bléi, eppes dat perfekt bei e Fest passt, dat d'Mammen an de Mëttelpunkt stellt.
Vill Länner feieren den Dag awer op engem aneren Dag, kombinéieren dacks dësen Dag mat scho bestoenden anere Fester. An England zum Beispill orientéiert sech den Dag un der chrëschtlecher Faaschtenzäit. A Frankräich ass et dann nees anescht, hei feiert ee meeschtens um leschte Sonndeg am Mee Mammendag. Wann awer op deen Dag Päischtsonndeg fält, gëtt Mammendag einfach an de Juni verréckelt.