De Paulius Pultinevicius aus Litauen ass neie Weltmeeschter am Ënnerwaasser-Schach. Zu Tarnowo Podgorne a Polen war d'Weltmeeschterschaft, un där 62 international Athleten deelgeholl hunn.
Nodeems de Pultinevicius an der Virronn nach bal erausgeflu war, konnt hie sech um Dag vun de Finalle kloer a 4 Partië géint de Kamil Dzida aus Polen duerchsetzen. D'Plaz 3 war fir den Inder Harshit Raja. Bei den Damme gouf et iwwerdeems eng Heem-Victoire fir d'Anna Andrzejewska.
Beim Ënnerwaasser-Schach muss een no all Zoch opdauchen, fir Loft ze huelen, wärend de Géigner drun ass fir ze spillen. Agesat gi speziell Schachbrieder, déi um Fong vun engem Baseng festgemaach sinn, op deene magnéitesch Figuren hin an hier beweegt ginn.
Op der offizieller Internetsäit vun der apaarter Disziplin gëtt de Sport als déi ultimativ physesch an intellektuell Challenge beschriwwen.