
Géint 23.30 Auer war et ee Chauffeur zu Esch/Uelzecht, dee vill ze séier duerch d'Rue du Canal gejauft ass. Wou hien d'Beamte bemierkt huet, huet hien eng Vollbremsung ageluecht a probéiert, duerch eng Niewestrooss fort ze kommen. D'Police huet d'Course-poursuite opgeholl a konnt den Auto kuerz Zäit méi spéit stoppen. Bei enger Kontroll gouf festgestallt, datt den Automobilist ze déif an d'Glas gekuckt hat.
Géint den Automobilist gouf ee Fuerverbuet ausgeschwat. Och de Bäifuerer, deen als Besëtzer vum Auto ausgewise war, hat ee positiven Alkoholtest. Hie konnt net mam Auto weiderfueren an de Won huet missten immobiliséiert ginn.
Wou dem Besëtzer d'Prozedur erkläert gouf, gouf hien aggressiv an huet ugefaangen, d'Beamten ze beleidegen. Et gouf doropshin eng Plainte gemaach.
Ëm kuerz virun 1 Auer um fréien Dënschdegmoie war et een Automobilist an der Stad, deen d'Opmierksamkeet vun de Beamten op sech gezunn huet. Hien ass ze séier duerch d'Rue du Cimetère gefuer. Wou d'Police hie gestoppt huet, hunn d'Beamten en e héijen Alkoholpeegel festgestallt. Dem Mann säi Fürerschäi gouf agezunn an et gouf och hei Plainte gemaach.