
An der Rue Pierre Krier zu Bouneweeg an der Stad si géint 17.30 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. En Autosaccident gouf et och an der Nuecht kuerz virun 0.30 Auer op der A3 a Richtung Metz. Tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem kruten sech zwee Gefierer ze paken, zwou Persoune goufe blesséiert.
Tëscht Mäerzeg an Groussbus huet en Auto gebrannt. An der Stad zu Märel stoung eng Poubelle a Flamen. Op béide Plaze gouf kee blesséiert.