SatellittenoperateurZukunft vun SES-Aktivitéiten en Donneschdeg Sujet an der Chamberkommissioun

RTL Lëtzebuerg
D'SES ass matten dran an engem Prozess vun Ëmstrukturéierung.

Duerfir gi beim Betzder Satellittenoperateur global op alle Sitte bis zu 15% vun den aktuelle 600 Aarbechtsplazen ofgebaut. Ënnert anerem solle 5 regional Büroe wéi déi zu Zürech, Warschau Bréissel zougemaach ginn.

D'Gewerkschafte waren op d'Barrikade géint deen Ofbau vu Plaze gaangen an hunn e Plan de maintien dans l'emploi gefrot - eppes, wat déi nächst Wochen tëscht der SES-Direktioun an de Gewerkschaften LCGB an OGBL verhandelt gëtt - e Sozialplang war zeréckgezu ginn.

An dëser determinanter Phas fir d'SES ginn et iwwerdeem am Verwaltungsrot personell Wiessel: nei Commissaires du Gouvernement fir e Mandat vun 3 Joer ginn de Guy Harles an de Marc Serres. Bis ewell war de Pierre Goerens de Regierungskommissär am CA vun der SES. En Donneschdeg de Moie steet d'Zukunft vun den SES-Aktivitéiten iwwerdeem och an der zoustänneger Chamberkommissioun zur Debatt, wou op Demande vun der CSV de Kommunikatiouns- a Medieminister Xavier Bettel sech de Froe vun den Deputéierte stellt.

Am Kapital vun der SES, mat hiren 70 Satellitten op Orbit, ass de Staat mat ronn 12 % vun de Parte vertrueden.

RTL (03.07.): "Zuel vu betraffene Leit konnt a Verhandlunge reduzéiert ginn"
RTL (12.06.): "OGBL: "D'Regierung vergësst hir Engagementer""
RTL (08.07): Sozialplang bei der SES zu Betzder: Nach keen Accord op kruziale Punkten

Back to Top
CIM LOGO