PoliceZe séier am Duerf ënnerwee, kee Permis dobäi, dofir awer Drogen

RTL Lëtzebuerg
Zu Mutfert an der Réimecher Strooss hunn d'Beamte vun der Police en Automobilist gestoppt, dee mat 77km/h ënnerwee war.

Hien hat kee gültege Permis dobäi, dofir awer eng grouss Tut Marihuana an der Mall. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an d'Drogen saiséiert.

An der Sortie Gréngewald/Neiduerf op der A1 krut en Donneschdeg den Owend e Fuerer d'Leitplank ze paken. Op der Plaz gouf festgestallt, dass de Mann Alkohol gedronk hat, hie konnt sech nëmme schwéier op de Been halen. Et gouf en Alkoholtest duerchgefouert, dee positiv ausgefall ass. Hie gouf bei der Kollisioun net blesséiert a krut e provisorescht Fuerverbuet.

Op der N32 zu Déifferdeng huet en Auto tëscht dem Rond-point an der Rue Emile Mark d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass widder e Luuchtepotto geknuppt. Och hei huet sech de Chauffer missen engem Alkoholtest ënnerzéien, dee positiv ausgefall ass. Hie war de Permis op der Plaz lass.

Back to Top
CIM LOGO