Zweet Corona-Well direkt briechenXavier Bettel: E Sonndeg kënnt de Regierungsrot um 17 Auer beieneen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg kënnt d'Regierung mat Experten zesummen, fir de Point iwwert déi zweet Corona-Well ze maachen. De Regierungsrot ass fir 17 Auer ugesat.

Deen Echange mat de Spezialiste wier wichteg, sou de Premier e Freideg, fir erauszefannen wéi een dës nei Well direkt brieche kann. Duerfir misst een och d'Evolutioun bis e Sonndeg genee suivéieren, wéi de Staatsminister e Freideg de Moien zu Bréissel sot.

De Xavier Bettel

Dem Xavier Bettel no, wier haut eng aner Situatioun, wéi bei der éischter Well. Den Alter vun de Patiente wier méi jonk an et hätt een den Ament, anescht wéi am Mäerz, nach keng iwwerfëllte Spideeler.

Am Kader vum Sommet vun de Staats- a Regierungscheffe wëll de Premier och géintiwwer sengen europäeschen Homologen déi Lëtzebuerger Test-Strategie genee erklären. Vun der Belscher Premierministesch hätt hien d'Zouso kritt, datt vun elo un och d'Zuel vun den Tester mat an d'Berechnunge mat erafléisst. Lo misst hie just nach déi 25 Aner vun der Lëtzebuerger Strategie iwwerzeegen.

Un de Sommet selwer huet de Premier nëmme wéineg Hoffnung. Et géifen nach ganz vill Knackpunkten tëscht de Memberlänner iwwert den 1,8 Billioune schwéiere Rettungspak. Hien hätt op alle Fall genuch Hiemer mat geholl.

Den éischte physesche Sommet zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie huet e Freideg de Moien ugefaangen an ass op zwee Deeg ugesat.

RTL-NEWS: Wéineg Hoffnung op en Accord um EU-Sommet

Op RTL 5min: De Xavier Bettel am Interview: "On teste 20 fois plus que la France et la Belgique"

Back to Top
CIM LOGO