
D'Ausmooss vun de Schied, dat duerch de ville Reen entstanen ass, wier grouss. Ma verschidde Produiten hunn awer dovu profitéiert. Mir waren op d'Felder vun de Baueren nofroen, wat fir een Impakt de vill Reen op hir Recolten huet.
Dat eent Joer ass et ze dréchen, dat anert ze naass. Virun allem fir de Landwirtschaftssecteur sinn esou Schwankungen net grad favorabel. Et ass net sou einfach, sech op esou Changementer anzestellen a scho guer net sech virzebereeden. Planunge ginn am Wanter gemaach a fir do virauszesoen, wéi d'Wieder dat ganzt Joer gëtt, wier schwéier, sou de Geméisbauer Jean-Claude Müller vu Conter.
"Lo hu ma awer dann dëst Joer ee Joer, wat méi kal ass wéi normal, mat immens vill Nidderschléi, net vill Sonn, jo dann hu ma eis doduerch, dass ma eis ugepasst hunn, si ma awer lo rëm falsch gewiescht an dat mécht d'Saach effektiv immens schwiereg."
Et wier schwéier, genau ze soe wéi grouss de Schued duerch dat schlecht Wieder ass. D'Ausmooss wier vu Feld zu Feld ënnerschiddlech. Virun allem d'Konsistenz vum Buedem spillt do eng wichteg Roll. D'Traktere kommen nëmme schlecht op d'Stéck, wann de Buedem mëschtnaass ass a sou kréich een d'Kären an d'Gras och net propper erausgeholl, esou de Jean-Claude Müller.
"Do kann ech soen, mir hu bis zu 10% Verloscht, deemno wéi eng Kultur, deemno wéi 15%, aner Kulture guer kee Verloscht. Ech weess awer vun aner Betriber, déi si ganz uerg gebeidelt ginn, do si Betriber, déi hu bis zu 100% Verloscht, wou d'Geméis carrement ënner Waasser stoung a wat fir näischt méi ze gebrauchen ass."
D'Zwiwwele ginn an der Reegel maschinell gepléckt. Ma dëst Joer si se dofir net grouss genuch a mussen duerfir wéi fréier mat der Hand erausgezu ginn. Ma de ville Reen huet awer och seng positiv Aspekter.
"Wat positiv drun ass, dass vill Grass gewuess ass fir d'Betriber, ech mengen d'Scheiere waren no deenen dréchene Joren aus der Vergaangenheet all eidel. Mir sinn elo op engem Punkt, wou d'Betriber rëm kënnen ufänken, bëssen eng kleng Reserv opzebauen. Et ass zwar elo net dat qualitativ beschte Fudder, wat ma era konnten huelen, mä fir eng Reserv opzebauen, ass ee scho frou, wann een emol iwwerhaapt eppes op der Säit leien huet. Dat hei war ee Joer fir de Kabes, definitiv de Kabes an och den Zellerie hu Waasser extrem gär, brauchen och vill Waasser an do ass d'Sonnenastralung bësse manner wichteg, well déi och vill méi laang stinn."
Wat Geseems ugeet, wier et nach ze fréi, genau Previsiounen ze maachen, et misst ee waarden, bis gedrescht ass. Et steet awer elo scho fest, dass ze vill Reen net gutt fir d'Recolten ass. Verschidde Felder wieren esou naass, dass een emol net kéint erafueren, sou de Steve Turmes vun der Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft.
"Dat heescht dat schlëmmst, wat elo u sech ka geschéien, ass, a wat och deelweis elo schonn de Fall ass, dass d'Kären, déi an de Stécker sinn, erëm ufänken auszewuessen. Dat heescht elo schonn nees kéimen, jo déi kann een net méi als Saatgut verwenden."
Op ze dréchen oder ze fiicht, béid Wiederkonditiounen si schlecht fir d'Recolten. Mä wat ass elo besser?
"Mäi Grousspapp huet ëmmer gesot: en dréchent Joer war ni ee schlecht Joer an hien huet definitiv Recht."