
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen zu enger Hausse vun 163 positiv geteste Patiente komm. Vun en Donneschdeg un publizéiert d'Santé dann och nach eemol wéi vill positiv Persoune Resident sinn a wéi vill der Non-Resident sinn. 143 Persounen si Residenten an 20 Persoune sinn Non-Residenten. Am Ganze läit de Grand-Duché bei 5.285 positive Fäll.
Vun den Infizéierte sinn der 4.357 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 43 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 111 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 67 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 314.956 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 12.144 Persoune getest.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 899 aktiv Infektioune ginn a 4.275 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 41 (+3) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 5 Patiente (+1) sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 986 (+5) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,15.
