Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.785 Tester waren der 124 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, déi lescht 24 Stonnen net geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen zu enger Hausse vun 124 positiv geteste Patiente komm. 106 Persounen si Residenten an 18 Persoune sinn Non-Residenten. Am Ganze läit de Grand-Duché bei 5.409 positive Fäll.

Vun den Infizéierte sinn der 4.396 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 43 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 111 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 67 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 325.741 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 10.785 Persoune getest.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 965 aktiv Infektioune ginn a 4.333 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 39 (-2) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 4 Patiente (-1) sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 988 (+2) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,26, an domadder méi héich, wéi nach en Donneschdeg.

Back to Top
CIM LOGO