
Aktuell si 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 735.670 Impf-Dosisse genotzt. 460 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 2.363 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.