
A Frankräich gëllt nach e Couvre-feu, an Däitschland gëtt et no 10 Auer owes keen Alkohol méi an zu Lëtzebuerg kann een ouni Test op enger Terrass sëtzen. D'Monica Camposeo huet den Tuer duerch déi dräi Länner gemaach a mat dräi Restauratricë geschwat.
"Mir hu keng Grenze méi kannt, mir sinn hei wéi eng grouss Famill, Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland."
D'Vera Hammes ass Restaurant- an Hotelbesëtzerin zu Perl. No 7 Méint huet si e Freideg de Restaurant erëm opgemaach. Am Hotel dierfen nieft de Geschäftsleit elo och nees Touristen iwwernuechten. Déi éischt Cycliste konnte schonn anchecken, ma op de Familljebetrib komme mat den Ouverturen och vill Oplagen duer:
"Mir dierfen näischt dokumentéieren, mä mir mussen et bei der Arrivée kontrolléieren. A wann e Client méi Deeg bleift, muss deen no 48 Stonnen en Test widderhuelen."
Tester sollen et op der franséischer Säit keng ginn. Den Ament ass beim Nathalie Schneider zu Opech, mol keng 3 Kilometer vum Vera Hammes sengem Restaurant ewech, nëmmen d'Terrass op. D'Banne-Gastro dierf hei eréischt d'nächst Woch opmaachen. Ma wéinst dem Couvre-feu um 21 Auer géing sech den Owes-Service awer nach net lounen. Anescht wéi fir d'Restauranten an den Nopeschlänner:
"Et ass ëmmer schwéier ze gesinn, dass se niewendru kënne schaffen. Mä mir bleiwe gedëlleg. Mir hu kee Choix, da musse mir eben e bësse méi laang waarden. Mir hoffen, dass et sou séier wéi méiglech opgeet op jidder Fall."
Den Optimismus ass am Dräilännereck däitlech ze spieren. Déi zoue Grenzen am éischte Confinement hunn d'Regioun zwar markéiert, ma mëttlerweil kënnt d'Normalitéit awer sou lues zeréck.
"Et ruffen ëmmer erëm Frontalieren un an ech hat och schonn Dëscher mat Lëtzebuerger oder Däitscher, déi op d'Terrass komm sinn."
D'Cliente wiere frou, kënnen erëm ze kommen. D'Sabine Lonsdorfer ass aus Frankräich a schafft zu Schengen an engem Bistro: "Wéi mir eis Clientë gesinn hunn, zeréck ze kommen, hu mir ënnert eiser Mask alleguerten nees e schéint Laache kritt."
Ma wéinst den ënnerschiddleche Reegelen an deenen dräi Länner misst een heiansdo vill erkläeren. Däitsch Touriste wéissten zum Beispill dacks net, dass zu Lëtzebuerg keng extra Reegelen fir geimpfte Leit gëllen. Am Alldag wier et eng grouss Ëmstellung, op déi vill Mesurë mussen opzepassen:
"Wat dat Schlëmmst ass, ass dass mer ëmmer Police spille musse mat eiser Clientèle. Dat ass fir mech dat Schlëmmst. Heiansdo, wann ech nach zwou, dräi Stonnen alles erkläre muss, da ginn ech an d'Kichen a kéint kräischen. Well dat ass net mäi Beruff. Mäi Beruff ass Serveuse an ech hu mäi Beruff ëmmer gär gemaach a bis elo maachen ech e gär."
Freed erëm kënnen ze schaffen, dat war op deenen dräi Säiten däitlech ze mierken. Fir d'Grenzregioun hätt ee sech awer politesch aner, méi eenheetlech Entscheedunge gewënscht.
