
Där Meenung ass d'Mënscherechtskommissioun, déi en Dënschdeg hiren Avis zum neie Covid-Gesetz presentéiert huet, dat nees nei Restriktioune virgesäit. D'CCDH wonnert sech, firwat si, am Géigesaz zum Beispill zum Comité Olympique, net fir en Avis gefrot gouf a firwat d'Recommandatiounen aus dem leschten Avis net ëmgesat goufen. De President vun der Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno betount, dass ee sech net géif dovun decouragéiere loossen: "Mä et ass awer schonn d'Fro a wéi fern eng Regierung oder d'Politik, wann se sech op de Wee begëtt fir e Projet de loi auszeschaffen, fir dann och déi verschidden Avisen, déi do sinn, och berécksiichtegt, an déi mat integréiert. Mir hunn den Androck, datt dat heiten näischt dozou bäigedroen huet, ech mengen do war méi den Interessi fir ze kucken, déi Contrainte, déi vum Staatsrot komm sinn, fir domat eens ze ginn, fir datt een dat an der Chamber kéint votéieren."
Den Accès op d‘Donnéeën, op Basis vun deenen Decisioune geholl ginn, wier net verbessert ginn. D'Néidegkeet an d'Proportionalitéit vum forcéierte Confinement missten iwwerpréift ginn an hei missten d'Konditioune gekläert ginn. Un den neie Restriktioune stéiert d'CCDH, datt se net nëmme fir déi Plazen a Situatioune gëllen, déi d'Regierung als Hotspotten identifizéiert hätt.