
Am Oktober war e Mann dofir um Dikrecher Geriicht zu enger Prisongsstrof vu 6 Méint mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 4.000€ verurteelt ginn. Him war virgehäit ginn, am September 2017 zu Méischdref den 10 Méint alen Hond vun enger Nopesch mat Rategëft ëmbruecht ze hunn. Am Géigesaz zur 1. Instanz huet de Mann d'Faiten e Freideg zouginn.
Hien hätt e Feeler gemaach, zu deem hie stéing, an et géif him leed doen, huet de Beschëllegte virun de Riichter geknoutert. Hien hätt awer Appell gemaach, well hien an 1. Instanz schlecht ewechkomm wär. Fir säin Affekot kéint et net sinn, dass een als Noper en Hond erdroe misst, deen net gezillt wär an op engem säin Daach „kacken a pisse geet“, sou de Maître Foetz.
Säi Client wär vum Hond schikanéiert ginn, d'Proprietäre wären iwwerdeems domm a frech ginn, an et wär hinne ganz egal gewiescht, wat hiren Hond gemaach huet. War et dowéinst ubruecht, Rategëft ze leeën? Dem Affekot seng Äntwert war kloer "Nee". De Mandant hätt ganz kloer e Feeler gemaach a falsch gehandelt, ma et misst een d'Situatioun consideréieren, wat d'Strofmooss ugeet. De Mann, dee sengen Hänn kee Rot méi wosst, hätt de Maximum vu 6 Méint Prisong kritt. De Maître Foetz huet gefrot, wat een, wann een hei de Maximum gëtt, da mat deene maache géif, déi sadistesch mat Déieren ëmginn. Den Affekot huet virun deem Hannergrond eng Suspension du prononcé an d'Diskussioun bruecht, dat heescht et géif wuel festgehale ginn, dass Feeler geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach ginn.
Domat war d'Vertriederin vum Parquet général net d'Accord. Den Ugekloten hätt eng richteg kriminell Energie entwéckelt, Gehacktes kaf, d'Rategëft do dra gemaach, alles schéin agepak an et op den Daach gehäit. Hien hätt e Liewewiesen ëmbruecht, net méi an net manner. Wéinst der Gravitéit vun de Faiten - den Hond wär eréischt no 3 Deeg Quale gestuerwen - wären déi 6 Méint Prisong justifizéiert, aus deenen awer och Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet kéinte ginn, woumat de Mann averstane war. Doriwwer eraus wär d'Geldstrof vu 4.000€ ubruecht.
D'Urteel gëtt den 28. Juli gesprach.