Stater GeriichtUfank vu Prozess géint 41 Joer ale Mann wéinst versichtem Mord

RTL Lëtzebuerg
D'Affer hat 8 Blessuren um Kapp an huet missen noutoperéiert ginn, war laang tëscht Liewen an Doud, 21 Deeg am Koma a ronn 4 Méint krankgeschriwwen.
© AFP

Dat gouf den Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht um Ufank vum Prozess wéinst versichtem Mord géint e Mann vun 41 Joer bekannt.

Stater Geriicht/Reportage Eric Ewald

Dee kritt virgehäit, am November 2018 zu Esch eng deemools 30 Joer al Fra op d'mannst 8 Mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen ze hunn. Speziell un der Sëtzung vun en Dënschdeg war, dass d'Affer iwwer Videokonferenz gehéiert gouf.
Wat et um Dikrecher Geriicht schonn emol gouf, am Mäerz 2019, an der Stad dogéint - bis elo - nach net.

An där Video-Auditioun sot d'Fra, dass de Mann jorelaang eng Affär mat hirer Mamm hat. No engem Tëschefall am September 2018 hätt déi awer eng Plainte géint hien agereecht. De Mann hätt dee Moie mat hir, Duechter, an der Stad doriwwer geschwat, si awer gesot, et géif een déi Plainte net zréckzéien. Si hätt hien dunn net méi gesinn an de Bus op Esch geholl. Wéi si do erausgeklommen ass, hätt si hien an der Këscht vum Bus gesinn an dunn Angscht kritt. Si wär aus dem Bus erausgeklommen, iwwer en Zebrasträife gaangen a géif sech nach just drun erënneren, op de Buedem gefall ze sinn. Vun do u wéisst si näischt méi. Haut nach hätt si Kappwéi, et wär hir dronken a si kéint net schaffe wéi virdrun. De Beschëllegte sot, hien hätt deen Dag ënner Droge gestanen a mat der Mamm wëlle schwätzen. Et wär awer just zur Diskussioun mat der Duechter komm, déi hien net respektéiert hätt. Dat hätt hie perturbéiert, soudass hien och an de Bus geklomme wär fir op Esch. Hien hätt do wëllen un Droge kommen an d'Fra net wëllen attackéieren. Wéi déi aus dem Bus erausgeklomme wär, hätt si hie béis gekuckt, hien hätt dunn d'Kontroll verluer an den Hummer geholl. Hie kéint sech dee "moment de folie" net erklären, ausser dass hien net an engem normalen Zoustand gewiescht wär. Säin Akt wär awer net z'entschëllegen.

Zwee Polizisten haten nach preziséiert, dass d'Fra vun hannen ugegraff gouf, dass den Ugeklote si eng éischt Kéier geschloen hätt, du fortgaangen, awer erëmkomm wär, fir nach emol zouzeschloen an dass d'Fra voller Blutt war, sech awer lassrappe wollt, well si hätt wëlle schaffe goen.

Dëse Prozess dierft e Mëttwoch ofgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO