2 Verdächteger festgehollUerg Messerattack an der Stad an Abriecher in flagranti am Buedzëmmer erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Direkt bei der Drogenhëllef an der Diddenuewener Strooss an der Stad sinn e puer Persounen openee lassgaangen. Zu Monnerech gouf en Abriecher gepëtzt.
© RTL Archiv

E Mann gouf um kuerz virun 8 Auer e Freideg de Moie mat enger Eisestaang an engem Messer attackéiert an um Uewerkierper blesséiert. D'Affer koum no enger Versuergung op der Plaz mat Stéchverletzungen am Beräich vun der Broscht an d'Spidol. Hei huet dës Persoun missten noutoperéiert ginn.

De Gesondheetszoustand vum blesséierte Mann ass der Police no stabel a leschten Informatioune géif och keng Liewensgefor méi bestoen.

De presuméierten Täter konnt nach op der Plaz vun der Police op Uerder vum Parquet op frëscher Dot festgeholl ginn. D'Waffen, déi bei der Attack benotzt goufen, louchen direkt an der Géigend a goufe confisquéiert.

Abroch zu Monnerech

Da koum et en Donneschdeg den Owend um 17.40 Auer zu Monnerech an der Rue de Pontpierre zu engem Abroch an engem Haus. De presuméierten Täter konnt no enger Sich vun der Police zu Recken op der Mess festgeholl ginn.

Kuerz virdru war eng Persoun am Haus, an deem agebrach gouf, op verdächteg Geräischer opmierksam ginn. Wéi dës am Buedzëmmer nogekuckt huet, stoung hei en Abriecher, deen direkt iwwert d'Fënster iwwert den Dag op d'Haaptstrooss geflücht ass. D'Persoun, déi spéider vun der Police ugehale gouf, konnt dann och als Täter identifizéiert ginn, déi den 1. Juni am Kader vun Abréch zu Téiteng opgefall war.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an den Auto vum presuméierten Täter gouf saiséiert. E Freideg koum hie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO