Bilan vum Karschnatz"Et feelt e bëssen um Ertrag"

RTL Lëtzebuerg
De Bilan vum Karschnatz fält och dëst Joer duerchwuess aus. Dat läit un der Dréchent, mee och un der geopolitescher Situatioun.

Wat d’Wanterkären – also Weess, Geescht, Wanterroggen, Triticale - ugeet, sinn d’Vertrieder aus dem Käre-Secteur zefridden. Dës géingen nëmme liicht ënnert dem Joresduerchschnëtt leien. "D'Qualitéit ass dëst Joer am Duerchschnëtt net esou schlecht. Mir kënne domat liewen, mee et feelt e bëssen um Ertrag", faasst et de Steve Turmes, Direkter vun der Saatbau-Genossenschaft, zesummen.

De Problem sinn éischter d'Summerkären, also déi, déi am Fréijoer geséit goufen. Hei wieren esouwuel d'Mass wéi och d'Qualitéit méi schlecht. "Dëst Joer hate mer bei der Kärerecolte 10 bis 15 Prozent manner wéi d'lescht Joer", seet de Generaldirekter vun De Verband, de Serge Turmes. Am Allgemenge hätten de Kären nëmmen déi extrem héich Temperaturen Enn Juni, wou zu Réimech iwwer 40 Grad gemooss goufen, zougesat.

Wat d'Grompere ugeet, ass de Bilan éischter negativ. "Wann ee gär Fritte maache wëllt, brauch een eng bestëmmte Gréisst vu Gromperen. Déi wäerte mer dëst Joer net erreechen", seet d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Als Liichtbléck goufen awer Wanterraps, Dinkel an Hafer bezeechent. Si hätte kaum ënnert der Dréchent gelidden.

Suerge maachen d’Fuddermëttel

Méi Suerge maachen de Baueren d'Fuddermëttel. Op de Wise konnten zwar zwee Schnëtt mat gudder Qualitéit erageholl ginn, mee den drëtte wier bal komplett ausgefall. "Beim Gréngland hu mer en extreme Schued", stellt d'Martine Hansen fest. Elo scho misst bäigefiddert ginn, obwuel een eigentlech Fudderreserven uleeë sollt. Nëmme weidere Reen an nach ee Schnëtt kéinten d'Situatioun verbesseren.

Och beim Mais als Fuddermëttel ass d'Bild gemëscht. Et gëtt esouwuel gutt Recolten wéi och ganz schlechter. "Dëst Joer hu mer ganz fréi mat häckselen ugefaangen. Warscheinlech déi fréiste Recolte, déi et jeemools gouf", stellt de Steve Turmes fest. Déi schlecht Maisplanze goufe wéinst de Schied duerch d'Dréchent scho virun Enn Juli gehäckselt.

De Communiqué zum Bilan vum Landwirtschaftsministère fannt Dir hei

Roll vun der Geopolitik an der Landwirtschaft

Wéi vill Benefiss d'Baueren aus hirer Recolte zéien, hänkt awer och vun der Geopolitik of. Zwar hätt sech de Kärepräis am Verglach zum leschte Joer ëm 10 bis 12 Prozent verbessert, trotzdeem wier de Kärenubau dëst Joer wirtschaftlech net rentabel, seet de Serge Turmes. D’Präishausse wier politescher Natur, well se eng Konsequenz vum Krich an der Ukrain wier.

Beim Raps wier d'Präishausse nach vill méi däitlech. De Konflikt am Noen Oste huet den Uelegpräis an d'Luucht gedriwwen, un deen de Rapspräis gekoppelt ass. Gläichzäiteg sinn och Diesel an Dünger méi deier ginn. Och wann d'Kärepräisser geklomme sinn, géif dat déi méi héich Käschten net opfänken. Dobäi kënnt, datt d'Recolte dëst Joer och nach méi kleng ausfält.

Fir sech viru schlechte Recolten ofzesécheren, ginn et dann och fir d’Baueren Assurancen. Bei der Ausfallversécherung iwwerhëlt de Staat 65 Prozent vun de Käschten, déi d’Bauere vun der Assurance fir den Ausfall ausgeglach kréien. Net all Kulture kënnen awer verséchert ginn. "Wann et Fudder ass, dann hu se d’Suen, awer nach kee Fudder", ënnersträicht d’Ministesch. An der Groussregioun wier et den Ament nämlech schwéier, Fudder ze kréien.

"Wa mer d’Käreproduktioun hei zu Lëtzebuerg kucken, wann do keng Bäihëllefe wieren, da wier d’Käreprodukioun net méi rentabel", stellt d’Martine Hansen fest. Well ee gäre Liewensmëttelsouveränitéit hätt an d’Liewensmëttelproduktioun wéilt an Europa behalen, wier et wichteg, eng staark gemeinsam Agrarpolitik ze maachen. Dofir misst een d’Bäihëllefe bäibehalen. "Soss wäerte mer och an Europa bei der Liewensmëttelproduktioun ofhängeg ginn".

Europawäit misst gekuckt ginn, d’Eegeproduktioun oprecht ze erhalen. "Dass mer net drop ugewise sinn, fir Liewensmëttel z’importéieren. Do muss sech d’Politik Gedanke maachen: Wëlle se hei Blummewisen hunn europawäit an da loosse mer alles importéieren, egal zu wéi enge Konditiounen a wéi eng Qualitéit. Oder erhale mer eis hei awer eng Landwirtschaft mat enger gesonder Produktioun vu Mëllech, Fleesch a Kären’», freet de Steve Turmes. Hei wier et un der Politik, de Kader ze sëtzen.

Back to Top
CIM LOGO