Etüd vun TNS Ilres an EcpatSexuellen Abus vu Kanner: 44% vun Affer woussten net, wou si dat melle sollten

RTL Lëtzebuerg
Kanner dierfe keng Sexualobjete sinn, sou heescht et vun der Ecpat, eng Associatioun, déi sech géint sexuell Mëssbrauch vu Kanner asetzt.
Sexuellen Abus vu Kanner
D'Ecpat schafft dorunner, dass Kanner weltwäit viru verschiddene sexuellen Abuse geschützt solle ginn. Och zu Lëtzebuerg gëtt un der Preventioun geschafft.

Wie sinn d'Täter a wéi ginn d'Meenungen zu dësem Thema auserneen? Äntwerten dorop huet d'TNS Ilres mat der Associatioun an enger Etüd erausbruecht.

9 vun 10 Leit hu scho vu sexueller Exploitatioun vu Mannerjäregen héieren, déi am Ausland, haaptsächlech op Vakanzendestinatiounen, geschéie géif. Dat geet aus enger Etüd vun TNS Ilres an Zesummenaarbecht mat Ecpat ervir.

Am August 2019 gouf eng eng Online-Ëmfro gemaach, wou ee vun 18 Joer u matmaache konnt. Do hu ronn dausend Leit participéiert.

Etüd iwwer sexuellen Abus vu Kanner / Rep. Morgane Denozi

D'Associatioun schafft dorunner, dass Kanner weltwäit viru verschiddene sexuellen Abuse geschützt solle ginn. Och zu Lëtzebuerg gëtt un der Preventioun geschafft.
Bal all Befrote kennt Begrëffer, déi mat Abusen am Kader vu Reesen an Tourismus ze dinn hunn. Ma et ginn awer vill Begrëffer net richteg benotzt a sollte geännert ginn, fënnt den Thomas Kauffmann, Direkter vun Ecpat:

"Lorsque je dis pornographie des enfants, «Kinderpornographie», je dis fondamentalement, c'est une branche de la pornographie. Quand je dis «Sexturismus mit Kindern», je dis c'est cool, il y a une forme de tourisme sexuel qui ce fait avec de enfants. C'est justement ca qu'on aimerait faire disparaître. Parce que dans les têtes des gens on se dit ce n'est pas fondamentalement grave. Mais si on dit qu'il s'agit d'une exploitation sexuelle des enfants dans le cadre du voyage et du tourisme ou si on dit que c'est des images et du matériel d'abus sexuel sur enfants on replace ce que c'est vraiment et on dit oui c'est un crime."

Alarmant ass, dass 41% vun den Befroten der Meenung sinn, dass och Lëtzebuerger schonn emol bei esou Iwwergrëffer matgemaach hätten. Ma net all Täter huet direkt pedophil Tendenzen.

Thomas Kauffmann:"La majeure partie des clients de la prostitution qu'implique des enfants ne sont pas des pédophiles, la majeure partie en fait sont des touristes. On appelle ca des abuseurs potentiels. Ce sont des personnes qui partent non pas dans l'esprit d'abuser des enfants mais qui une fois sur le terrain sont confrontés à une offre et il répondent."

Vu Leit, déi schonn eng Kéier Affer waren, woussten iwwerdeems 44% net, wou si dat sollte mellen. 15% soten, se hätten näischt gemaach, well et se jo schliisslech näischt ugeet.

Vun deenen iwwer dausend Befroten hunn 10% schonn emol per Zoufall e pornographescht Kannerbild entdeckt, dovun hunn 38% näischt ënnerholl.

E weidert schockant Resultat vun der Etüd ass, dass 57% mengen, dass Kanner ënner 18 Joer plakeg Fotoen u Gläichaltereger schécken, déi genau sou al sinn, a vun deene mengen dann 48%, dass dës Kanner tëscht 13 an 15 sinn.

92% fannen, dass ee méi Mesurë muss huelen, fir dass Gesetzer fir Kannerschutz gestäerkt ginn. An Zukunft wäerten nach Sensibilisatiounsmesurë geholl ginn.

"Dans le cadre de notre travail avec le ministere de l'éducation nationale, nous essayons de mettre en place telles procédures, de faire une formation des enseignants. Donc nous commencons là au niveau de primaire pour le moment. C'est quelque chose que nous aimerions, avec le ministere, développer."

RTL-Artikel: Invité vun der Redaktioun (16. Juli) - David Lentz: Konsum vu kannerpornographeschem Material hëlt am digitalen Zäitalter zou.

PDF: Déi national Enquête

Back to Top
CIM LOGO