Invité vun der Redaktioun (7. August) - Serge LegilMéi Prisonéier, dorënner däitlech méi aus dem Maghreb

Annick Goerens
E Freideg de Moie war de Lëtzebuerger Prisongssystem Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Serge Legil
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Zuel vun de Leit an de Lëtzebuerger Prisongen ass an de leschte Jore staark geklommen. Zuele vum Conseil de l'Europe weisen, dass tëscht 2024 an 2025 d'Zuel vun Prisonéier ëm 20 Prozent geklommen ass. Den Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. De Serge Legil erkläert, dass d'Zuel vun den Detenuen am Laf vun engem Joer vun 737 op 851 geklommen ass. D'Entwécklung wier och an aneren europäesche Länner ze observéieren.

Méi Kriminalitéit, mee och méi Policebeamten a Riichter

Dës Hausse vun der Prisongspopulatioun huet dem Serge Legil no net nëmmen eng Ursaach. Engersäits hätt d'Kriminalitéit zougeholl, ënner anerem duerch nei Forme wéi Cyberkriminalitéit an Delikter am Zesummenhang mat Drogekonsum. Anerersäits hätten d'Autoritéiten haut méi Moyenen, fir Strofdoten ze poursuivéieren, well d'Police an d'Justiz méi Ressourcen zur Verfügung hunn. "Dat heescht déi zwee Facteuren, déi zoustänneg sinn, fir, wéi ee esou däerf soen, "eis Clientèle" ze beschafen, déi hu vill méi Moyene kritt. An dat mierke mer ganz däitlech."

D'Politik hätt och genuch antizipéiert, fënnt den Serge Legil. Et hätt ee jo Suessem gebaut an doduerch zousätzlech Ressourcen zu Schraasseg kritt, mee verschidde Saache wéi Flux migratoiren oder Cyberkriminalitéit wiere schwéier ze antizipéieren.

Däitlech méi Ressortissanten aus dem Maghreb am Prisong

Och de Profil vun de Prisonéier huet sech geännert. D'Prisongsverwaltung stellt ënner anerem eng méi grouss Diversitéit bei Alter an Hierkonft fest. "Mir hunn en extreem héijen Pourcentage un Non-Residenten an un Auslänner, déi awer Resident sinn." De Conseil de l'Europe schwätzt vun 78 Prozent Auslänner. De Serge Legil erkläert, dass dat och un der Lëtzebuerger Lag am Häerz vun Europa läit an dass Leit, zum Beispill als Drogekuréier zu Lëtzebuerg festgeholl ginn, "oder soss iergendwellech kriminell Machenschaften hei Lëtzebuerg just erwëscht gi sinn, well se duerch gefuer sinn", obwuel si soss keng Relatioun mam Land hunn.

Am meeschte vertruede am Prisong sinn d'Portugisen an d'Fransousen. "Mee mir mierken, dass et eng däitlech Zounam gëtt vu Ressortissante aus dem Maghreb." Déi meescht dovu wieren wéinst "Criminalité générale" am Prisong. Drogekriminalitéit géing een éischter bei aneren Nationalitéite gesinn.

Wéi vill packen d'Prisongen nach?

Mat 851 Detenuen ass d'Prisongspopulatioun zu Lëtzebuerg bannent engem Joer ëm ronn 120 Persounen gewuess. Fir de Serge Legil ass d'Kapazitéit aktuell nach net um Punkt, wou d'Prisongen keng Leit méi kéinten ophuelen. "Mir sinn der ëffentlecher Sécherheet verflicht", betount den Direkter vun der Prisongsverwaltung. Och bei enger weiderer Hausse kéint een nach weider Detenuen ophuelen, mee dat géing dann op Käschte vun der Reintegratioun an d'Gesellschaft goen, déi ee mat der Prisongsreform vun 2018 definéiert hätt. D'Detenue sollen nämlech wärend hirer Zäit am Prisong esou gutt wéi méiglech op d'Liewen no der Haft virbereet ginn. Dozou gehéieren ënner anerem sozial a psychiatresch Ënnerstëtzung, Schoul an Alphabetiséierung. Mee och eng Eenzelzell. Dat soll d'Chancë verbesseren, no der Entloossung nees Fouss an der Gesellschaft ze faassen an d'Gefor, fir réckfälleg ze ginn, ze reduzéieren. Grad bei enger weiderer Zounam vun der Prisongspopulatioun kéint dës Aarbecht méi schwéier ginn. Wann d'Zellen ëmmer méi duebel musse besat ginn, da kéint dat op Käschte vun der Prisongsreform goen, warnt de Serge Legil.

Och d'Giischtercher schloen Alarm

Déi méi héich Zuel u Prisonéier stellt och d'Giischtercher virun ëmmer méi grouss Erausfuerderungen. D'Associatioun vun den Agents pénitentiaires hat an de leschte Méint méi wéi eng Kéier op déi verschlechtert Aarbechtskonditiounen higewisen. E rezenten Tëschefall, bei deem en Agent mat engem Porzeläinsteller attackéiert a schwéier blesséiert gouf, huet d'Diskussioun iwwer d'Sécherheet am Prisong nees nei lancéiert.

De Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung weist sech verständlecherweis alarméiert: Et wier "total inakzeptabel", datt Leit, déi hir Aarbecht maachen an d'ëffentlech Sécherheet garantéieren, physeschem oder psycheschem Leed ausgesat sinn. Fir de Problem ze léisen, géif et awer net duergoen, einfach nëmme méi Personal anzestellen. D'Situatioun wier vill méi komplex. Mat enger ëmmer méi diverser Prisongspopulatioun klammen och d'Erausfuerderungen am Beräich vun der Kommunikatioun an dem kulturelle Versteesdemech. Dofir sollen d'Formatioune vun de Giischtercher ausgebaut ginn – notamment am Ëmgang mat verschiddene Kulturen a Reliounen, mee och am Beräich vun der Eege-Sécherheet a Resilienz. "Fréier war et de Balkan, dat hu mer elo manner. Elo ass et Maghreb, Afrique subsaharienne, Islam an esou weider."

Peffergel kënnt geschwënn an den Asaz

Fir d'Personal besser ze schützen, soll och nei Ausrüstung agefouert ginn. Vun September u solle Formatioune mam neie Peffergel ufänken, eng speziell Variant fir de Prisong, déi méi gezielt agesat ka ginn. Gläichzäiteg bleift awer och d'Infrastruktur eng grouss Erausfuerderung: D'Renovatioun vun de Prisongsanlagen ass e laangfristege Projet, esou dass kuerz- a mëttelfristeg Tëscheléisunge musse fonnt ginn.

D'Prisongsverwaltung schafft dowéinst un e puer Baustellen: méi Personal, méi Formatioun, Upassunge vun der Infrastruktur an nei Léisunge fir déi aktuell Kapazitéitsproblemer, sou den Generaldirekter Serge Legil.

Invité vun der Redaktioun: Serge Legil

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO