
Bausse knuspreg, bannen fluffëg... E gudde Croissant gehéiert fir vill Leit einfach zum perfekte Start an den Dag dobäi. Mee wou am Land gëtt dëse Mëtsche-Klassiker a Perfektioun? Fir déi neisten Editioun vum RTL Readers' Choice siche mir dës Kéier äre absolut Liiblingsplaz zu Lëtzebuerg, op där een e richteg gudde Croissant kritt.
Och wann et haut wuel onëmstridden d'Symbol vun der franséischer Liewensaart ass, ginn d'Originne vum Bakwierk an Éisträich zeréck. De Virleefer vum Croissant ass nämlech an sech de Wiener "Kipferl", dee warscheinlech am 17. Joerhonnert erfonnt gouf. Eréischt am 19. Joerhonnert huet en éisträicheschen Offizéier eng Wiener Bäckerei zu Paräis opgemaach an de Kipferl matbruecht. Déi franséisch Bäcker hunn d'Rezept dunn iwwerschafft, den typeschen an a Frankräich beléifte Bliederdeeg agefouert an doraus eben dee Croissant gemaach, deen mir haut kennen a gär hunn.
Wien iwwregens scho mol selwer probéiert huet, e Croissant selwer ze maachen, weess, wéi schwéier dëst Handwierk ass. D'Geheimnis läit am sougenannten "Turnéieren" vum Deeg. Dobäi gëtt den Deeg ëmmer nees ausgerullt, mat guddem Botter bestrach a gefaalt. Esou entstinn Dosende vu ganz dënne Schichten aus Deeg a Botter. Beim Baken evaporéiert d'Waasser aus dem Botter, dréckt den Deeg auserneen an et entstinn déi typesch lëfteg Kummeren. No baussen gëtt de Croissant sou knuspreg, bannen awer Zaart, bottereg a fluffeg.
Loosst eis onbedéngt Är Meenung wëssen a katapultéiert Är Favoritte-Plaz un d'Spëtzt vun eiser aktueller "Croissant-Editioun" vum RTL-Readers' Choice!
Verrot eis, wou Dir am léifsten e gudde Croissant iesse, respektiv siche gitt! Maacht drënner bei eisem Vott mat, Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech nees deen, wie vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers' Choice-Auszeechnung fir de beschte Croissant zu Lëtzebuerg freeën.
All d'Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.