RTL-Summer-InterviewSchéckt eis Är Fro un de Premier Luc Frieden

RTL Lëtzebuerg
D’Land steet viru villen Erausfuerderungen. Wat ass Är gréisste Suerg? A wat wollt Dir de Luc Frieden schonn ëmmer froen?
© SIP / Julien Warnand

D'Regierung ass an der Hallschent vun der Legislaturperiod ukomm. Nom Tripartite-Accord geet de Luc Frieden mat e bësse Réckewand an d'Summerpaus.

Déi grouss Erausfuerderunge fir d'Land bleiwen de Logement, d'Kafkraaft, awer och d'Mobilitéit an d'Gesondheet. Wou dréckt bei Iech de Schong? Wat ass Är gréisste Suerg oder wat wollt Dir de Premier Luc Frieden schonn ëmmer froen?

RTL gëtt Iech d'Méiglechkeet, Är Fro am Video oder schrëftlech direkt un de Staatsminister ze stellen. Schéckt eis Är Fro iwwert de Formulaire eran a vläicht gëtt se an der Selektioun vu Froen am RTL-Summer-Interview gestallt.

Fir de Formulaire sécher ugewisen ze kréien, musst Dir d'Cookies akzeptéiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO