
Dir studéiert
oder huet ewell am journalistesche Beräich geschafft.
Dir sidd en Aficionado vun der Aktualitéit.
Dir interesséiert Iech fir Politik a Sport, fir Kultur a Lifestyle.
Dir sidd stress-resistent an teamfäeg,
flexibel, dynamesch an engagéiert.
Dir huet eng gutt Stëmm.
Dir wëllt mat Biller schaffen.
Dir interesséiert Iech fir d'Lëtzebuerger Sprooch
a beherrscht och hir Orthographie.
Wann Dir Iech an dësen Aussoe selwer erkennt an eng nei Erausfuerderung sicht,
da mellt Iech bei eis:
Well da sidd Dir eis Fra oder eise Mann!
Dir sidd interesséiert, d'Equipe ze verstäerken, an och gewëllt, mat RTL Radio Lëtzebuerg, RTL Télé Lëtzebuerg an RTL.lu, 5 Minutes an RTL Today zesummenzeschaffen?
Mailt eis Äre CV w.e.g. mat Foto, Adress an Telefonsnummersouwéi engem Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch op:
Mir freeën eis op Iech!