
Wéi steet et ëm d'Zukunft vun den Aktivitéite beim Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES. "Mir sinn net schrecklech vill méi gewuer ginn" sou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar no der Konferenz vun den zoustännege Chamberkommissiounen, an där de Premier a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel an de Wirtschaftsminister Franz Fayot den Deputéierten Ried an Äntwert stoungen. "Mir bleiwen um Ball", sou d'CSV-Oppositioun, déi dësen Echange gefrot gehat.