Attack bei Tram-ArrêtPersoun kënnt schwéier blesséiert an d'Urgence an d'Spidol

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut an der Nuecht op en Dënschdeg (00.40) eng schwéierblesséiert Persoun mat Schnëttwonne gemellt. D'Affer koum op de Kierchbierg an d'Spidol.
© RTL Archiv

Ausgangspunkt war eng verbal Ausernanersetzung beim Tram-Arrêt "Pont Grand-Duchesse Charlotte" mat engem Bekannten, dee méi spéit d'Affer dunn attackéiert an uerg blesséiert huet.

Op Uerder vum Parquet konnt en Dënschdeg de Moien d'Spezialunitéit vun der Police e presuméierten Täter zu Stroossen festhuelen. Hie koum am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO