Limitatioun vun der Pressefräiheet?"Onglécklech" Interventioun vu Spriecherin vun H. Kox wéinst Reporter-Artikel

RTL Lëtzebuerg
D'Porte-parole vum Minister Kox hat ugefrot, dass en Artikel vu Reporter iwwert intern Reklassementer sollt vum Site erofgeholl ginn.
© SIP / Yves Kortum

Datt eng Porte-parole aus dem Ministère vun der bannenzegster Sécherheet verlaangt hat, datt sollt e Presse-Artikel zeréckgezunn ginn, ass dem Minister Kox no "onglécklech a net geschéckt" gewiescht. Hannergrond war eng formell Ufro vun der Porte-parole vum grénge Policeminister un d'Redaktioun vun der Online-News-Plattform Reporter, datt sollt en Artikel iwwert d'Policereform an intern Reklassementer vum Site geholl ginn. Dëse "Fait" war och e Sonndeg am RTL-Presseclub thematiséiert ginn.

Wéi den Henri Kox a senger Äntwert op zwou urgent parlamentaresch Froe vun CSV an ADR äntwert, wier et op kee Fall d'Intentioun gewiescht, d'Pressefräiheet ze limitéieren oder den Artikel vun der Reporter-Journalistin ze zenséieren. Wann dëst esou eriwwer komm wier, da géif sech offiziell duerfir entschëllegt ginn.

Ernimmt gëtt an dëser Äntwert vum Minister, datt et am viséierten Artikel 12 Fakten a Passagë ginn hätt, déi faktesch net der Wourecht entsprach hätten; duerfir och d'Fro no engem Dementi, respektiv eben d'Demande, den Artikel ganz zeréckzezéien.

Am Äntwert-Schreiwes vum Minister Kox heescht et iwwerdeems och, datt d'Porte-parole selwer d'Initiativ geholl hätt, fir bei der Reporter-Redaktioun z'intervenéieren. Deemno wier net op Instruktioun vum Minister selwer gehandelt ginn.

PDF: Äntwert vum Xavier Bettel an Henri Kox op parl. Fro vum Diane Adehm a Viviane Reding

Back to Top
CIM LOGO