No Neonazi-Treffe bei WolzLëtzebuerger Guiden a Scoute soe sech entsat an hu Plainte gemaach

Fanny Kinsch
Eng 20 Persounen, déi ronderëm e Feier stinn a "Sieg Heil" ruffen. Dat weise Biller aus engem hollänneschen Documentaire. Biller, déi mat verstoppte Kameraen an engem Bësch zu Lëtzebuerg opgeholl goufen.
An dësem Scoutschalet bei Wolz solle sech Neonazie getraff hunn.
© Domingos Oliveira

Investigativjournaliste vum belsche Sender VRT NWS Pano an dem hollänneschen Zembla hu gemeinsam Recherchen iwwert Neonazien an der Belsch an an Holland gemaach. D'Resultat vun deene Recherche gouf elo ënnert anerem an engem Documentaire mam Numm "De neonazi-files" verëffentlecht.

Den Documentaire fänkt u mat Biller, déi am Abrëll an engem Bësch entstane sinn, wéi et heescht zu Lëtzebuerg. D'Journalisten hunn hei mat verstoppter Kamera en Treffe gefilmt, bei deem "Sieg Heil" geruff gouf a Bicher vu jiddeschen Auteure verbrannt goufen.

D'Luxemburger Wort hat dës Story als éischt opgegraff.

Wéi et heescht, wieren et Membere vu Wolvenrad, enger hollännescher Neonazi-Grupp. Déi Grupp géing sech zanter Joren elo schonn all Joer fir dem Adolf Hitler säi Gebuertsdag zu Lëtzebuerg am Bësch treffen, soen d'belsch an hollännesch Journalisten. Ee vun de Membere rifft am Video zur Gewalt géint Politiker op. Wéi am Documentaire ze gesinn ass, war d'Treffen am Scoutschalet Jitz zu Wolz, deen ee loune kann.

Vum Lëtzebuerger Parquet heescht et op eis Nofro hin, dass ee keng Kenntnis vun deem Treffen hätt. D'Police sot L'Essentiel géigeniwwer, et wier een amgaangen, de Video z'analyséieren.

An enger parlamentarescher Fro wëllen déi Gréng vun der Justizministesch a vum Inneminister wëssen, wéi eng Informatioune si zu deenen Treffen hunn.

Eng Zeen aus dem Video, deen op den hollänneschen a belsche Medien ze gesinn ass.
Eng Zeen aus dem Video, deen op den hollänneschen a belsche Medien ze gesinn ass.
© npo.nl

Bei de Recherche goung et virop ëm déi sougenannten "Active Clubs". Dës Gruppen aus der rietsextreemer Zeen kommen initial aus den USA an organiséieren illegal Kämpf an improviséierte Boxréng.

An Holland hunn d'Recherche scho Konsequenze kritt. Zwee jonk Politiker vun der ganz rietser Partei Forum voor Democratie, déi bei esou Kämpf matgemaach hunn, goufe vun der Partei ausgeschloss. E regionale Leader vun der Partei, dee bei sou engem Kampf am Public war, huet och missen zrécktrieden. Wéi et an der hollännescher Press heescht, gouf iwwerdeems e Mathésproff entlooss, bei deem esou e Kampf organiséiert gouf.

Reaktioun vun de LGS

De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an de concernéierte Wëlzer Scoutsgrupp soe sech en Donneschdeg den Owend an engem Communiqué entsat iwwert d'Revelatiounen. De lokale Grupp huet och eng Plainte gemaach. De Scoutschalet wier "mëssbraucht" gi vun externe Leit, déi e gelount hunn.

D'Scouten distanzéiere sech formell vun de Leit am Reportage. D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten betounen, datt si fir "demokratesch Wäerter, Toleranz a géigesäitege Respekt" stinn a sech historesch gesinn ëmmer kloer géint totalitär an extrem Ideologië positionéiert hunn.

D'Reaktioun vun den LGS fir nozeliesen
LGS Communiqué de Press - Stellungnam Chalet Wolz

Back to Top
CIM LOGO