
Schonn e Freideg den Owend war zu Nidderwolz eng Policepatrull op e Grupp vu méi Persounen opmierksam ginn. Dobäi hunn d'Beamten och Cannabisgeroch festgestallt.
Ee Mann aus dem Grupp ass doropshin zu engem geparkten Auto gaangen an huet sech hanner d'Steier gesat. D'Beamte konnten e Fortfuere verhënneren an hunn de Mann kontrolléiert. Beim Mann an a sengem Gefier hunn d'Beamten Drogen, Drogenutensilien souwéi Boergeld fonnt. Donieft huet sech erausgestallt, datt de Mann der Police schonn am Zesummenhang mat Drogendelikter bekannt war.
De Parquet gouf informéiert an huet eng Festnam ordonéiert. De Mann koum virun den Untersuchungsriichter.
Op Uerder vum Parquet gouf och eng Perquisitioun beim Drogendealer gemaach. Do goufen nach weider Quantitéiten un Drogen an Drogenutensilie séchergestallt.