Dat méi strengt neit Covid-Gesetz, dat en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt gouf, ass schonn e Freideg am Mémorial publizéiert ginn an domadder a Kraaft.
LINK: Dat neit Gesetz am MémorialDe Gesetzprojet 7622 gouf vun der Majoritéit vun DP, LSAP an déi Gréng ugeholl, d'CSV an d'ADR waren dogéint, iwwerdeems sech déi Lénk an d'Piraten enthalen hunn. Als gréisst Fraktioun am Parlament war d'CSV der Meenung, dass dëse Gesetztext d'Problemer net léise géif.
E Seeldanz tëscht den Infektiounszuelen an der Nees-Normalitéit an de Beräicher Kultur a Sport huet de Mars Di Bartolomeo en Donneschdeg am Nomëtten an der Chamber dat neit Covid-Gesetz genannt, dat mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl gouf. De Rapporteur vun der LSAP huet gemengt, et bräicht erëm e verantwortlecht a solidarescht Handele vun der ganzer Communautéit am Land.
De viregte Parlamentspresident huet deen Appell iwwregens och nach op franséisch, portugisesch an italienesch gemaach.
Fir de Claude Wiseler koum den Deconfinement ze vaste an ze séier, wouduerch Lëtzebuerg zum Risikoland gouf. Virun e puer Woche wäre mer mat déi Bescht gewiescht, haut dogéint wäre mer mat déi Schlechtst. D'Zuele vun den Infektioune wären net gutt, do wär net schéinzerieden, sou de Claude Wiseler. Deen nach gemengt huet, dass d'Regierung soe géif, mir wäre gutt, well mer souvill teste géifen an dass et eng Diskrepanz tëscht der Regierung an de Leit géif ginn.
Et wär net wéinst dem "large scale testing", dass mer sou schlecht do stinn an och net wéinst de Frontalieren, huet de Vertrieder vun der CSV betount. D'Messagë vun der Regierung wären net koherent gewiescht an d'Recommandatiounen net kloer, de Gesetztext wär nach ëmmer schlecht a géif d'Problemer net léisen, soudass déi gréisst Oppositiounspartei Nee zu deem Gesetzprojet soe misst.
Phaseweis goung et am Stater Cercel e bësse méi héich hier, besonnesch opgrond vun der CSV-Kritik un deem Text.
D'Kritik vum Claude Wiseler, dass et ze séier goung mam Deconfinement, wollt de Gilles Baum net sou stoe loossen.
"Wie stoung hei uewen an huet gesot, d'Butteker missten direkt opgoen? Dat war d'CSV. Wie stoung hei uewen an huet gesot, d'Caféë missten opmaache bis eng Auer an der Nuecht? Dat war d'CSV. A wie stoung hei uewen an huet gesot, maacht déi Spillplazen op. Och dat war d'CSV."
Den DP-Fraktiounschef huet un déi 3 Buschtawen HOM erënnert, déi fir Hänn wäschen, Ofstand halen a Mask undoe stinn.
De Georges Engel huet iwwerdeems d'Fro gestallt, wéi vill Amendementen d'CSV zum Gesetztext virgeluecht huet.
"Et koume ganz genau null Amendementer. Net een Amendement ass komm fir dat Gesetz hei, wat mer haut hei solle stëmmen."
D'nämmlecht wéi de leschte Mount huet den LSAP-Fraktiounspresident d'Handele vun der CSV och en Donneschdeg onverantwortlech genannt.
Fir déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché ass de Lëtzebuerger Corona-Bilan bis elo net dee schlechtsten; et misst een awer weider virsiichteg sinn.
"Et huet net laang gedauert, bis verschidden Deeler vun eiser Gesellschaft op der Bananneschuel vun der Fräiheet am Privatberäich ausgerutscht sinn an am Fong elo mat verantwortlech dofir sinn, dass et zu der Aféierung vu gesetzleche Reegelen am Privatberäich muss kommen."
D'Gesondheetsministesch hirersäits huet fonnt, dass een dat Gesetz bräicht, et géif eng Evolutioun an den Zuele ginn an et misst ee reagéieren. An hiren Ae wär et och net wouer, dass den Deconfinement kee Succès war.
"Den Deconfinement war laang e Succès an zwar Schrëtt fir Schrëtt ass et gutt gaangen. All eenzel Etapp, déi opgemaach ginn ass, war e Succès. Mir hu keen Impakt op eiser Kurv gesinn. Et ass dee leschte Schrëtt, deen e Problem war. Et ass falsch fir ze soen, dass de Confinement, zu deem all Mënsch stoung, e Succès war, an den Déconfinement net."
Et géif een och keng Informatiounen zréckhalen, huet d'Paulette Lenert betount, déi sech an d'Santé verdeedegt huet. Wouropshin de Michel Wolter vun der CSV erkläert huet, dass een op d'Fro, wou d'Leit sech infizéieren, keng Äntwert kritt hätt, wat d'Ministesch awer zréckgewisen huet.
Dem Jeff Engelen no ass dëst e Gesetz an d'Blannt eran, déi zoustänneg Chamberkommissioun hätt nämlech keng Informatiounen dozou kritt, wou déi nei Infektiounen hierkommen.
"Si goufen hir virenthalen. Wa mer sou e Gesetz wéi dat heite stëmmen, da misst jo awer virleien, wat a wou a wéini ee sech ugestach huet."
Well d'Parlament an den Ae vum ADR-Vertrieder iwwergaange gouf, géif seng Partei Nee soen zum Text.
Fir de Marc Baum musse grouss Mënschendrauwe verhënnert ginn: "Dat ass de Kär vun deem, wat d'Restriktioune weider ausmaachen. Dat gëllt fir Bistroen a Restauranten, wou mer d'Erfarung gemaach hunn, och op Nationalfeierdag, dass dat mat deene Reegelen, déi mer bis elo haten, sou net dra war, fir déi Mënschendrauwen ze verhënneren. Dofir setze mer, an deem dote Punkt, am Horesca-Beräich op individuell Responsabilitéit, op déi individuell Responsabilitéit vun deene Leit, déi do consomméieren, an ech mengen och, dass dat richteg ass."
Den Text géif zwar eng Verbesserung duerstelle par Rapport zu deene vu virdrun, ma well een net all d'néideg Informatioune kritt hätt, géife sech déi Lénk enthalen.
Genee d'selwecht hunn et d'Pirate gesinn. De Sven Clement huet de "large scale testing" zwar guttgeheescht: "Ech sinn der Meenung, dass et wichteg ass, dass mir als Lëtzebuerg hei eis Responsabilitéit iwwerhuelen, eis un international Recommandatiounen halen a souvill wéi méiglech testen."
Dogéint hätt d'Kommunikatioun net geklappt an d'Chamber hätt eben och net genuch Informatioune kritt.
