Vu Mëtt Juni unNeien EU-Impf-Covid-QR-Code nächst Woch zu Lëtzebuerg disponibel

Roy Grotz
D'Aarbechten, fir den europäeschen digitale Covid-Check z'entwéckelen, sinn an hirer leschter Phas.

Vu Mëtt Juni un, also an enger gudder Woch, soll dësen nationalen QR-Code duerch en neie QR-Code ersat ginn, dat via eng nei App "Covidcheck.lu".

Deemno gëtt de Lëtzebuerger Covid-Impf-Zertifikat lo sou ugepasst, datt en den QR-Code ënnerstëtzt, dee vun der EU virgeschriwwenen ass.

Dëse Code kann och op engem Pabeier gewise ginn. Dës Impf-Zertifikate gi vu MyGuichet zur Verfügung gestallt.

Zanter dem 1. Juni, also ewell enger Woch, ass Lëtzebuerg och mat der europäescher Covid-Check-Infrastruktur verbonnen.

Den EU-Covid-Check ass vum 1. Juli un operabel, also an 3 Wochen.

Fir den neien EU-System gi keng nei Date-Banken erstallt, mee vill méi ass et just eng iwwerpréifbar a sécher Confirmatioun, datt sech den eenzele Bierger soit impfe gelooss huet, oder dass hien eng geheelten Infektioun hannert sech huet oder awer, datt hien e rezenten negativen PCR- oder Antigen-Test gemaach huet.

Wat fir konkret Rechter den EU-Covid-Check mat sech bréngt, decidéiert iwwerdeem all EU-Memberland selwer - Zil ass et, fir nees fräi reesen ze kënnen.

De QR-Code, dee geimpfte Leit hei am Land op hirem Pabeier-Zertifikat kréien, ass iwwerdeem just iwwert d'Lëtzebuerger App GouvCheck nozepréiwen an huet näischt mam europäesche Covid-Check ze dinn.

Dës Donnéeë liwweren d'Ministere Lenert, Hansen a Bausch op entspriechend parlamentaresch Froe vun ADR an der CSV.

PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert (ADR)

Back to Top
CIM LOGO