
An och de gesondheetspolitesche Spriecher vun der CSV, de Claude Wiseler, fënnt, datt et an déi richteg Richtung geet. Ze kritiséiere bleift fir hien awer nach eng gewëssen Ongerechtegkeet deene Jonke géigeniwwer an Onkloerheete beim Covid-Check.
Dräi Stonnen huet d'Santéskommissioun e Méindeg de Moie gedauert, dëst, well den Text technesch komplex wier, sou den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Besonnesch de sougenannte Covid-Check hätt an deem Sënn nach fir eng Rei Diskussioune gesuergt, bei deenen déi Deputéiert weider Prezisioune gefrot hunn. Hei wier probéiert ginn, eng Harmoniséierung unzestriewen tëscht de Prozeduren am Horeca-Secteur an zum Beispill Restauratiounsaktivitéite ronderëm Sportsaktivitéiten, erkläert de Mars Di Bartolomeo. Et géing een dofir un enger selwechter Terminologie a selwechte Reegele schaffen.
Dass dat bis elo net de Fall ass, kritiséiert och den CSV-Deputéierte Claude Wiseler. An den Ae vun der CSV feelen hei eng Rei Definitiounen, wéini a wou de Covid-Check soll genotzt ginn. D'Definitioune wieren am Text nämlech anescht, jee no, ob ee vu Kultur, vu Sport oder vun allgemenge Rassemblementer schwätzt, ënnersträicht de Claude Wiseler. De Conseil d'Etat an d'Chamberkommissioun hätten hei nach eng Rei Aarbechten ze maachen, sou datt den Text koherent an domat applikabel gëtt.
Ongerecht fënnt hien och, datt Jonker tëscht 16 a bis 30 Joer, déi nach guer net emol d'Méiglechkeet haten, sech impfen ze loossen, nëmmen ee PCR-Test solle gratis kréien. D'CSV fuerdert, datt een där Alterskategorie soll ënnert d'Äerm gräifen an hinnen e puer PCR-Tester oder e puer Schnelltester d'Woch soll gratis zur Verfügung stellen. Dëse Punkt misst net onbedéngt am Text festgehale ginn, mä en Engagement vun der Regierung an déi Richtung soll et awer ginn.
D'Ophiewe vun der Ausgangsspär, d'Aféiere vum Covid-Check an d'Gültegkeet vun zertifiéiere Schnelltester op 48 Stonnen eropsetzen an eng Testflicht an Alters- a Fleegeheemer begréisst de Claude Wiseler. D'CSV hätt dëst scho laang gefuerdert an d'Testflicht an Alters- a Fleegeheemer géing jo och op eng Gesetzespropositioun vum CSV-Deputéierte Michel Wolter zréck.
Datt nach Restriktiounen en place bleiwen, wier awer normal. D'Gefor wier weiderhin do, an och mat de Variante wéisst een nach net, a wéi eng Richtung et geet. Enn der Woch, also e Freideg oder Samschdeg, soll dat neit Covid-Gesetz zur Ofstëmmung kommen.
