
Wéi et säitens dem ACL heescht, riskéiert de Kran an der Rue Xavier Brasseur, op der Héicht vun der Hausnummer 19, ze kippen. Dëse steet virun der Fassad vun engem Haus op der Säit, op där och d'Strooss laanscht geet.
Et soll een dës Plaz vir den Ament komplett evitéieren, sou d'Police.