D'Rentrée steet virun der Dier a fir vill Studenten ass déi gréisste Suerg net de Studium, mee d'Wunneng. De President vun der ACEL, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studente-Cerclë war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. De Mattis Noël seet, dass si reegelméisseg souwuel vun nationale wéi och internationale Studente kontaktéiert ginn, well si keen abordabele Logement fannen. Fir d'ACEL läit de Kär vum Problem virun allem beim Manktem u Wunnraum an net nëmme bei héije Loyeren: "De Problem ass éischter, dass d'Offer, einfach net do ass. [...] Méi Offer heescht dann an deem Moment och, dass e reduzéierte Präis ass, well méi Konkurrenz an deem Moment do ass." D'ACEL bereet den Ament och eng Logement-Ëmfro vir, mat där si Drock maache wëll, fir méi Studentewunnengen ze schafen.
Bei der Reform vun der Studiebäihëllef, déi am Juni vun der Chamber gestëmmt gouf, zitt d'ACEL eng positiv Bilanz. Si hätte schliisslech och iwwer 2 bis 3 Joer aktiv mam Héichschoulministère doru geschafft. Mat der Reform gouf ënner anerem d'Mobilitéitsprimm erhéicht (fir Studenten, déi an d'Ausland ginn), d'Sproochentester géingen och elo deelweis iwwerholl ginn an d'Bourse vum Staat géing semestriell indexéiert ginn. Och d'Zënsen um Studenteprêt goufe vun 2 op 1,8 Prozent gedeckelt an et gëtt neierdéngs eng "Prime de réussite" nom Ofschloss vun engem Cycle.
D'ACEL wier relativ zefridden, sou wéi et elo gemaach ginn ass, mee et soll een natierlech ni beim Status Quo bleiwen. Kritik un der Reform gëtt et fir d'Ëmsetzung vum neie Kader fir Doktoranden. Déi wieren elo aus dem Bourse-Gesetz erausgeholl ginn. A virdrun hätt just eng limitéiert Unzuel u Leit den Doktorat finanzéiert kritt. Mëttlerweil géing all Projet finanzéiert ginn. "Do stelle mir eis einfach d'Fro, ob dat finanziell méiglech ass an iwwert de finanziellen Impakt, deen dat Ganzt wäert hunn." Donieft wier et och nach ëmmer problematesch, dass ee keng Mobilitéitsprimm kritt, wann een am nämmlechte Land wunnt, wou een och studéiert. Déi Gréng haten donieft kritiséiert, dass sech d'Konditioune fir d'Deelzäit-Studente verschlechtert hätten. Do dierft ee just nach 80 Prozent vum qualifizéierte Mindestloun verdéngen, fir dierfe vun enger Bourse ze profitéieren, mee fir d'ACEL wier dat net wierklech e Problem:
"Et kann een awer trotzdeem nach ëmmer e Prêt ufroen an deen och am Endeffekt kréien. Dat heescht, se gi jo net komplett vun der ganzer Aide financière ausgeschloss. An eisen Erfarungen no ass et e bëssen esou, dass een deen Hallefzäit studéiert, bezéiungsweis Hallefzäit schaffe geet, dee muss elo net zwéngend op eng Bourse zréckgräifen."
11 Prozent vun de Lëtzebuerger bleiwen hei am Land fir ze studéieren, 89 Prozent ginn also an d'Ausland. An absolutten Zuele bleiwen ongeféier 4.200 Studenten hei zu Lëtzebuerg, 4.400 ginn an Däitschland a ronn 3.080 Studente ginn an d'Belsch [ndlr.]. An dem Kontext géing d'ACEL och d'Diskussioun ëm déi geplangt belsch Autobunnsvignette suivéieren. Eng offiziell Positioun hätte si dozou awer nach net ausgeschafft.
Beim Stagegesetz gesäit d'ACEL nach Verbesserungspotenzial. Zwar wier et positiv, datt Stagiairen hei am Land iwwerhaapt bezuelt ginn, mee gläichzäiteg géif dat et dacks fir Studente schwéier maachen, u Stagen ze kommen, well se ebe musse bezuelt ginn a vill Patrone wéissten dat eben net. Virun allem feelt et dem Mattis Noël no un Informatiounen iwwer d'Rechter an d'Flichte vu Stagiairen a Patronen. Et géingen och Inkohärenze ginn tëscht dem Code de la sécurité sociale an dem Code du travail, wann et ëm d'Affiliatioun an d'Cotisatioune geet. Dat hätt een och schonn ugeschwat mat den zoustännege Ministere Spautz an Deprez. Dofir wier ee verwonnert, dass elo rezent bei enger Evaluatioun näischt erauskomm ass, sou de President vun der ACEL.
E Mëttwoch de Moie waren ënnert anerem d'Studiebäihëllefen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.