Korruptiounsaffär viru GeriichtMann hat Polizisten 10.000 respektiv 20.000 Euro ugebueden

RTL Lëtzebuerg
Mat dëse Sue wollt den 29 Joer ale Mann evitéieren, fir e Procès-verbal ze kréien.
© Bild von Alina Kuptsova auf Pixabay

Dat war mol eng Kéier e bëssen eppes anescht, wéi normal!: Mat deem Saz huet e President vum Stater Geriicht en Dënschdeg de Mëtten eng Korruptiounsaffär, déi dunn zur Sprooch koum, kuerz a knackeg ëmschriwwen!

E Mann vun 29 Joer krut de Prozess gemaach, well hien am November 2018 op engem Policekommissariat an der Stad zwee Beamten 10.000 Euro an engem weidere souguer 20.000 Euro ugebueden hat, wann d'Poliziste kee Procès-verbal schreiwe géifen. Den Ugekloten, deen deemools mat méi Alkohol, wéi erlaabt, erwëscht gouf, war iwwregens net do.

Korruptioun viru Geriicht / Reportage Eric Ewald

Woufir d'Vertriederin vum Parquet um Enn vun der Sëtzung dann och eng ugemoosse Geld- an eng Prisongsstrof vun 12 Méint verlaangt huet. An hiren Ae léich hei kloer Korruptioun vir. De Mann mam gutt gefëllte Casier vun Affäre mat Alkohol um Steier hätt sech vläicht geduecht „Net schonn erëm!“ an dowéinst probéiert, d'Beamten ze bestiechen.

Zwee vun deenen haten do virdrun ausgesot. Deen een, en 1. Inspekter, hat,zesumme mat enger Kolleegin, de Mann ebe wéinst Alkohol um Steier protokolléiert, well dee géint 0.30 Auer an der Stad de falsche Wee gefuer war. Um Policebüro hätt de Mann ee Moment mat den zwee éischte Beamte geschwat an deenen 10.000 Euro proposéiert, fir, Zitat, „dat hei ze vergiessen“. Nodeems de Mann en Taxi geruff kritt hat, huet hien du mam Zeie geschwat an deem 20.000 Euro ugebueden. Hien hätt op säi Portmonni gewisen a gesot „Huel se!“.

Op d'Remark hi vum Riichter, dass d'Intentioun wierklech déi war, Suen unzebidden, fir de Protokoll ze zerrappen, war d'Äntwert vum 1. Inspekter „Jo“! Ee vun de Polizisten, deen 10.000 Euro sollt kréien, en Inspekter, huet d'Aussoe vu sengem Kolleeg confirméiert. Obwuel een e Protokoll jo net sou géif begläichen, hätt de Mann sech druginn an erkläert, hien hätt 4.000 Euro am Portmonni. Deen Abléck hätt hie gesot, Zitat: „Hei huel se, do si se!“ Wouropshin de Riichter gemengt huet, de Mann hätt dat zouginn, ma kéint sech d'Propos vun den 10.000 an 20.000 Euro net virstellen. Fir nach bäizeflécken: „Hien hat jo genuch era mat iwwer 2,5 Promill! Do versteet een, dass ee sou Topegkeete vu sech gëtt!

D'Urteel an dëser Affär gëtt en Donneschdeg gesprach!

Back to Top
CIM LOGO