Wéinst der PandemieLiser-Enquête iwwer Liewenskonditiounen gouf ugepasst

RTL Lëtzebuerg
Fir de Statec realistéiert de Liser all Joer eng Etüd iwwer d'Liewenskonditioune vun de Stéit am Grand-Duché.

Dëst Joer leeft déi iwwer Telefon mat der Hëllef vun enger Software. Mëtt Juli huet d'Etüd ugefaangen a se dauert nach bis Mëtt Dezember. Ma dëst Joer leeft se anescht of.

Normalerweis kréien déi Concernéiert Froe vun engem Mataarbechter vum Liser gestallt. Elo vertraut een op d'Method CATI (Computer Assisted Telephone Interview). Den Enquêteur kann dobäi op eng Software zeréckgräifen, déi bei der Erfaassung vun de Froen an Äntwerten hëlleft. De Questionnaire gouf och adaptéiert, sou datt e méi angeneem a méi kuerz iwwer Telefon ass, wéi a Persoun.

D'Enquête sammelt ënner anerem Donnéeën iwwer d'Pai, d'Aarmut, d'sozial Exklusioun, d'Aarbecht, d'Educatioun an d'Gesondheet. Befrot gi ronn 4.000 Stéit, déi zu Lëtzebuerg wunnen.

Virop wéinst der Corona-Kris wier et wichteg, d'Äntwerte fir dës Ëmfro ze kréien. Dat fir ze kucken, wéi grouss den Impakt vun der Kris op d'Wuel vun de lëtzebuergesche Residenten ass.

Back to Top
CIM LOGO