ECDC-StatistikenLëtzebuerg positionéiert sech mat 72% Impftaux am europäesche Mëttelfeld

Claude Zeimetz
Den Impftaux hänkt zu Lëtzebuerg nach ëmmer staark vum Alter of. D'Hallschecht vun de Jonken tëscht 18 a 24 Joer gouf bis ewell nach net geimpft.

Wat d'Leit méi jonk sinn, wat der bis elo manner géint de Covid-19 geimpft goufen a wat de Wee bis zu der sougenannter Häerdenimmunitéit, déi jo laang ugestrieft gouf, nach méi wäit ass.

Wéi aus de Statistike vum Europäeschen Zenter fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten (ECDC) ervirgeet, ass d'Hallschent vun de Jonken tëscht 18 a 24 Joer bis ewell nach net geimpft. 51% kruten hir éischt Dosis. 37,7% hir zwou Sprëtzen.

An der Kategorie 25-49 Joer klëmmt den Taux vun deenen, déi eng komplett Impfung hunn, op 66%. Ronn 34% si bis elo nach guer net am Impfzenter passéiert.

Ëmmerhin 22% vun de Leit tëscht 50 an 59 Joer hunn och nach kee Vaccin kritt. 66% sinn antëscht komplett geimpft an 78% kruten déi éischt Dosis. D'Fro stellt sech, ob hei Leit derbäi sinn, déi net méi fir hir zweet Dosis zréckgaange sinn oder ob et sech ëm Persounen handelt, déi elo réischt rezent fir d'éischt geimpft goufen an elo nach op hir zweet Dosis waarden.

De kompletten Impftaux klëmmt dann tëscht 60 an 69 Joer op 74,5% an iwwer 70 Joer goufen déi meescht, an zwar 84% vun de Bierger a Biergerinne komplett géint de Covid geimpft.

Mat engem allgemengen Impftaux vu ronn 72% positionéiert sech Lëtzebuerg den Ament am europäesche Mëttelfeld. Frankräich dogéint, an deem Impfcampagne an der Vergaangenheet nëmme lues viru komm ass, huet de Grand-Duché mat der annoncéiert Impfflicht an dem "pass sanitaire" antëscht iwwerholl. Am Hexagon kruten antëscht méi wéi 80% hir éischt Dosis.

Klickt hei, fir op de Site vun der ECDC ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO