Vum 10. Juni unLëtzebuerg ass net méi Héichrisikogebitt fir Holland

RTL Lëtzebuerg
Vun en Donneschdeg u gi Lëtzebuerg, Däitschland an Éisträich an Holland op Giel erofgestuuft.

Domat ass Reesen an en Openthalt vun iwwer 12 Stonnen an Holland nees ouni negative PCR-Test erlaabt. Och eng Quarantän-Flicht fält ewech. D'Schwäiz bleift virleefeg nach op Orange. Zanter Enn Abrëll geet et och an Holland a Richtung successiv Ouverturen. Méi Detailer fënnt een hei.

Zanter e Méindeg ass Lëtzebuerg orange an der Belsch klasséiert. Net-Residenten, déi aus enger grénger oder oranger Zon an der Belsch areesen, brauchen deemno keen obligatoreschen Test méi an och net méi Quarantän. Registréiere muss ee sech nach ëmmer via de sougenannte Passenger Location Form, wann ee sech méi laang wéi 48 Stonnen an der Belsch ophält.

Bei eise franséischen Nopere si mir zanter dem 9. Juni gréng agestuuft, allerdéngs muss ee bei der Arees, wann een net geimpft ass, e PCR- oder an Antigentest virweisen, deen net méi al wéi 72 Stonnen ass. Dëst gëllt awer net fir Kanner ënner 11 Joer. Och fir Frankräich muss een eng obligatoresch Déclaration pour voyageur Formulaire ausfëllen, ier een areest.

Virun enger Arees an Däitschland vu Lëtzebuerg aus gëtt aktuell nach gewarnt, respektiv ofgeroden. D'Zuel vun den Neiinfektioun géif nach ëmmer op 7 Deeg gekuckt bei iwwer 50 Fäll pro 100.000 Awunner leien, dowéinst gëllt de Grand-Duché nach als Risikogebitt. Am Beschte sollt ee sech virun enger Arees bei den eenzele Bundeslänner iwwer déi aktuell Mesuren informéieren, déi an all Bundesland variéiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO