Nei EtüdKriibs, Covid-19 oder aner Krankheeten iwwer d'Stëmm erkennen

RTL Lëtzebuerg
Den LIH huet eng nei Etüd gestart, mat där ee medezinesche Fortschrëtt gelénge soll. Allerdéngs brauchen d'Fuerscher dofir Dausende Fräiwëlleger.
© RTL

E puer Sekonnen Toun sollen an Zukunft duergoen, fir Symptomer vun enger ganzer Panoplie u Krankheeten ze detektéieren. D'Stëmm verréit nämlech méi iwwer de Gesondheetszoustand vun enger Persoun, ewéi sou muncher ee vläicht mengt.

"Et kann ee ganz einfach feststellen: wann een eng krank Persoun um Telefon huet, mierkt een, dass hir Stëmm changéiert huet. D'Stëmm ass e ganz räiche Medium. Si transportéiert vill Informatiounen iwwer d'Emotioun, mä eben och iwwer d'Gesondheet'', erkläert den Dr. Guy Fagherazzi, Leeder vun der Etüd mam Numm CoLive Voice.

D'Fuerscher vergläiche Stëmmprouwe vu kranke Leit mat deene vu gesonden. Et si ganz komplex rechneresch Virgäng, dofir gräifen d'Fuerscher fir hir Etüd op kënschtlech Intelligenz zeréck.

''Mat Hëllef vun artifizieller Intelligenz si mir capabel, immens vill Charakteristike vun der Stëmm z'analyséieren an duerno ze soen, ob eng Persoun krank ass oder net oder Symptomer huet oder net. Dofir ginn e puer Sekonnen duer.''
Dat wier op mannst d'Zil. De grousse Projet ass Enn Juni lancéiert ginn. D'Wëssenschaftler aus dem LIH haten awer schonn zejoert ugefaangen a sech do op d'Covid-19-Erkrankung konzentréiert. Déi Resultater solle geschwë publizéiert ginn.

Mat e puer Sekonnen Toun konnten hei Charakteristiken an der Stëmm detektéiert ginn, déi op eng Infektioun mam Covid-19 hiweisen, wéi Middegkeet zum Beispill.

Etüd iwwer Krankheeten / Rep. Pierre Jans

Genee dat selwecht soll elo fir aner Pathologië méiglech ginn, ënnert anerem bei Kriibs, Diabetis, multiple sclérose.

D'Etüd ass international ugeluecht. D'Fuerscher brauchen op d'mannst 50.000 Persounen, déi en anonymme Froebou iwwer allgemeng Gesondheet ausfëllen an duerno hir Stëmmprouwen eraschécken. D'Leit, déi matmaachen, mussen iwwer 15 Joer al sinn. Ausserdeem sollen d'Participanten Englesch, Franséisch, Däitsch oder Spuenesch schwätze kënnen.

Matmaache kann een op Colivevoice.org. Seng Stëmm kann een dann einfach mat Hëllef vu sengem Smartphone ophuelen.

D'Wëssenschaftler vum LIH wäerten déi Prouwen dann traitéieren. Si schaffen déi opfällegst Charakteristike vum Audio eraus. Domat sollen da Modeller fir maschinellt Léiere souzesoen ''trainéiert ginn''. Dofir ass et fir den Dr. Guy Fagherazzi och kloer: wat méi Leit matmaachen, wat d'Algorithme méi intelligent sinn.

Back to Top
CIM LOGO