
Zejoert waren et eleng fir dës Firma eng 970, d'Joer virdrun eng 930 an dëst Joer bis elo eng ronn 300.
Tëscht 2019 an zejoert goung d'Zuel vun den Nuetsflich vum Findel mat ronn 1.400 Stéck awer ëm bal 500 Vollen erof - an dësem Bilan sinn all Fluchgesellschaften dran, déi vum Findel aus starten. D'Luxair huet zum Beispill zejoert eng 165 Nuetsvolle verbucht. Wat de "carbon footprint" vun der Cargolux ugeet, sou gouf dësen - Aussoe vun de grénge Ministeren Dieschbourg a Bausch no - bannent de leschten 10 Joer ëm ronn 5% reduzéiert.
A Chifferen: zejoert hunn d'Cargolux-Fligeren 1,2 Milliounen Tonne Kerosin verbraucht - doduerch goufe ronn 3,9 Milliounen Tonnen Co2 vun de Cargo-Fligeren an d'Luucht geblosen.
Dës Donnéeë liwweren d'zoustänneg gréng Ministeren dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen, deen dës parlamentaresch Fro no der Nominatioun vum Christianne Wickler als nei Cargolux-Verwaltungsrotspresidentin gestallt hat.