Studio 2: Kënschtlech Intelligenz: Fortschrëtt oder Risiko?"D'Kënschtlech Intelligenz ass eng vun de wichtegsten Entwécklunge vun eiser Zäit"

Dany Rasqué
RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin am Studio 2 op der Tëlee ënnerstrach, wou et dës Kéier ëm d'Fro goung, ob d'KI e Fortschrëtt oder e Risiko ass, wéi eng Zukunft eis domadder erwaart an ob de Mënsch d'Kontroll iwwert d'Maschinne ka verléieren.
Kënschtlech Intelligenz: Fortschrëtt oder Risiko?
Tëscht grousse Chancen a Risiken, déi sech schwéier viraussoe loossen: Wéi eng Zukunft erwaart eis mat der KI?

D'kënschtlech Intelligenz ass ëmmer méi en Deel vun eisem Alldag, verännert d'Aarbechtswelt a gëtt nei Perspektiven a ville Secteure wéi der Gesondheet, der Educatioun an der Informatioun.

Mee dës Fortschrëtter werfen och Froen op: Wéi zouverlässeg ass dës Technologie? Wéi eng Risike bréngt se mat sech? A wéi kënne mir d'Kontroll driwwer behalen? Solle mir eis iwwer dës Entwécklung freeën oder eis éischter Suerge maachen? STUDIO2 beschäftegt sech an der nächster Emissioun mat enger Revolutioun, déi eréischt ugefaangen huet.

De ganzen Dossier vun der Emissioun "Studio 2" fannt Dir hei.

D'Kënschtlech Intelligenz net ze benotzen, wier keng Méiglechkeet, d'Risiken, déi mat dëser neier technescher Entwécklung verbonne sinn, net z'erkennen awer och net, heescht et vun der zoustänneger Ministesch Stéphanie Obertin. D'Entwécklung misst natierlech begleet ginn.

Als KI-Professer op der Uni Lëtzebuerg ass der Christophe Schommer dovunner iwwerzeegt, datt een d'Kënschtlech Intelligenz als Co-Partner fir verschidde Beräicher muss gesinn. De Mënsch hätt se nach net iwwerholl an et géifen och nach vill Problemer ginn:

"Maschinell Sproochiwwersetzunge zum Beispill oder och eng sécher Kommunikatioun mat ChatGPT. Dat ass net sécher, et gëllt ëmmer nach d'Prämisse "et ass schéin, mä mir iwwerpréiwen et awer léiwer."

D'KI soll iergendwann och kënne genotzt ginn, fir Verbriechen opzeklären, mä den Ament géifen d'Resultater nach net iwwerzeegen.

"Ech hat eng Kéier esou en Test gemaach, fir d'Rekonstruktioun vun enger Crime Scene an do goung et och drëms, ob een opgrond vu Fakten, déi een agëtt d'Zeenerie richteg bauen an erëm gi kann an do hat d'KI am Hannergrond nach ganz vill Schwieregkeeten. Grad mat der Auerzäit war et ganz schwéier, mä dat kéint natierlech eppes fir d'Zukunft sinn."

A villen anere Beräicher gëtt d'KI elo schonn als eng grouss Chance gesinn. Notamment an der Medezin, well se zum Beispill Tumeuren däitlech méi fréi erkenne kann.

Op villen Aarbechtsplazen ass d'Kënschtlech Intelligenz schonn net méi ewech ze denken. Den Direkter vu LuxConnect, de Paul Konsbruck, ass dovunner iwwerzeegt, datt se am Alldag bei Aarbechte kann hëllefen, déi net intressant sinn. Hie seet, d'KI géif ganz sécher laangfristeg Aarbechtsplaze kaschten, awer anengems och neier schafen. Wéi do d'Balance ass, kéint elo nach kee soen.

Och fir de Marco D'Amico, den Directeur adjoint vum Digital Learning Hub, ass et kloer, datt sech och d'Beruffswelt ännert. Hien nennt d'Beispill vum Software-Entwéckler.

"De Software-Entwéckler schreift kee Code méi. Et léiert een 20 Joer laang codéieren. Et fänkt ee mat Sproochen un, déi haut kee méi benotzt. An haut si mer awer esou wäit, dass ee mol net méi muss wëssen, wéi eng Syntax fonctionéiert, fir kënnen e Programm ze schreiwen. Et brauch een awer déi Syntax, et muss ee se awer verstoen, wann ee wëll kritesch sinn an eng Evaluatioun maache vum Code a vun der Software. Dat heescht, et däerf een net alles vergiessen, well wann een alles vergësst, dann huet een net méi déi kritesch Fäegkeet."

Et gëtt sech den Ament vill mat der Fro beschäftegt, ob d'Kënschtlech Intelligenz komplett kéint ausser Kontroll geroden an de Mënsche schueden. Den Direkter vu LuxConnect seet Nee. Et wiere Maschinnen, déi ee kéint ausmaachen an de Mënsch hätt et an der Hand, wat géif geschéien.

"Mir hunn och an deene vergaangenen Entwécklungen an Innovatiounen ëmmer erëm Phenomener gehat, wou et e Konsens gouf an der Gesellschaft, och an der Wëssenschaft, fir ze soen, dat doe maache mer elo net méi. Dat gëllt zum Beispill an der Biochemik, et gëllt fir d'Klone vu Mënschen, wat theoreetesch méiglech wier, wou et awer de Konsens gouf, dass gesot ginn ass, mir verfollegen dat do net weider. Mir wëllen net an eng Gesellschaft kommen, wou een e Verstuerwene ka klonen, fir en ze reproduzéieren. Dat heescht, mir sinn duerchaus am Stand, och eng KI ze kontrolléieren, wa mer dann dat wëllen."

Als Directrice vun der Erwuessenebildung a Philosophin gesäit d'Nora Schleich d'Entwécklung anescht. Si seet, de Mënsch wier nach net prett, fir esou eng performant Technologie sécher ze benotzen a verschidde Grondsazfroe géifen net beäntwert ginn. Si vermësst, datt am ëffentlechen Discours net iwwert d'Muechtkonzentratioun vu Big Tech geschwat gëtt. Deene meeschte Leit wier net bewosst, wéi grouss d'Kontroll wier, déi dës Firmen iwwert eis géife kréien.

"Et kann een Aussoen treffen, wéi Leit an deem Alter mat deenen Interesse sech vläicht politesch orientéieren. Wie vläicht wéini Kriibs kritt, wien eng Depressioun kritt, wie friem geet, wien den Trump wielt. Dat si Saachen, déi geschéien haut. Dat sinn Auswäertungen, déi geschéien haut, dat ass dee gréisste Businessmodel vun deene Firmen, déi ganz konzentréiert eeben hir Muecht hunn an doriwwer musse mer schwätzen, well dat ass nämlech den Haaptproblem."

D'Cybersecuritéit ass fir de Paul Konsbruck eng vun deene gréisste Geforen fir déi nächst Joren. Hie seet, do kéinte mer eng Kéier esou wakereg ginn wéi bei Covid a mierken, datt mer nach laang net esou wäit sinn, wéi mer misste sinn. Dat géif een och op europäeschem Niveau agesinn a massiv investéieren.

D'Cybersécherheet ass och eppes, wat d'Regierung ganz seriö hëlt, wéi d'Digitaliséierungsministesch erkläert.

"Mir investéiere jiddefalls massiv do dran, an ech mengen, alles wat de Staat betrëfft, ass de CTIE dofir responsabel, déi hu sech do opgestallt, fir d'Cybersécherheet héichzehalen, mee et ass net nëmmen CTIE. Do si Cerclen, déi derbäi kommen, déi sech ëm d'Cybersécherheet këmmeren a verschidde Gremien op allen Niveauen, déi zesummeschaffen, fir ze kucken, datt mer ons do optimal opstellen, mee do bleift et wichteg, datt mer investéieren an déi Infrastrukturen an déi neisten Technologien an och do rëm d'Leit opklären, wou d'Risiko leien."

D'Leit si schonn däitlech méi opgekläert, wann et ëm d'Kënschtlech Intelligenz geet, ënnersträicht nach de Marco D'Amico. D'Zuele géifen och weisen, datt d'Leit sech ëmmer méi forméieren. 20 Prozent vun der Aktivitéit vum Digital Learning Hub wiere KI-Formatiounen. Bannent 12 Méint wier dat eng Progressioun vu 50 Prozent am Verglach mam Joer virdrun.

D'Diskussioun mat fënnef Invitéen

Fir déi verschidden Aspekter vun dëser Revolutioun ze beliichten, waren am STUDIO2 fënnef Invitéë mat ënnerschiddleche Perspektiven an Erfarungen:

  • Christophe Schommer: KI-Professer op der Uni Lëtzebuerg
  • Paul Konsbruck: Direkter LuxConnect
  • Stéphanie Obertin: Digitaliséierungs-Ministesch
  • Nora Schleich: Directrice EwB / Philosophin
  • Marco D’Amico: Directeur adjoint vum Digital Learning Hub

Wéi eng konkret Virdeeler kënne mir vun der kënschtlecher Intelligenz erwaarden? Wéi eng Risike musse mir eescht huelen? A wou soll eis Gesellschaft Grenze setzen?

Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, déi am Mëttelpunkt vun der Diskussioun stinn.

STUDIO 2, dëse 15. Oktober 2026 um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg oder RTL Play.

Am Virfeld vun der Emissioun interesséiert eis och Är Meenung iwwert d'kënschtlech Intelligenz:

Back to Top
CIM LOGO